Iwwer mäi politescht Engagement… Part II

Iwwer mäi politescht Engagement… Part II

Virun engem halwe Joer hunn ech mech schon eng Kéier iwwert mäi politescht Engagement geäussert. Éier ech dëse Blogpost ugefaangen hunn, hunn ech deen Éischten nach eng Kéier iwwerflunn an ech sinn iwwerrascht, wéi kloer ech mech deemols dach asgedréckt hat.
Gudd, zënthir ass sou munches geschitt. D’Adrenalin huet den Opstand géint hir Mammepartei an der Asylpolitik geprouft an ech hunn den parteiinterne Bashing vu Verschiddenen, déi vu sech denken, datt se „grouss Liichter“ wieren, iwwerstan. Virun e puer Stonnen hunn ech dem Nationalvirstand vun der adr d’Opléisung vum Nationalvirstand vun der Adrenalin(1) an d’Néierleeung vu mengem Engagement an der Reformpartei matgedeelt, woumadder meng Memberschaft ophällt. Ech sinn et awer enger ganzer Rei Leit, mat deenen ech vill an och gutt zesummeschaffe konnt, schëlleg, hinne meng Beweeggrënn ze erklären.

E klenge Resumé: Wisou eigentlech d’adr? Member an der Reformpartei sinn ech duerch e gudde Kolleeg ginn, den Alain Frast. Fir d’Chamberwalen 2009 hat d’adr eng ganz Rëtsch nei Projeten, déi mir och gefall hunn. Aktiv sinn ech awer réicht am August 2009 ginn, nodeems den Alain mech encouragéiert hat, fir den Erneierungsprozess vun der adr a besonneg um Niveau vun der Jugend, weiderzedreiwen. Gläichzäiteg wollt hien e lénks-progressive Fliggel als Géigegewiicht zum konservative Fliggel ronderëm de Fernand Kartheiser a Roy Reding opbauen. Dëst huet leider, duerch dem Alain säin trauregen Doud, e séier Enn kritt. Net zu Lescht duerch de plötzlechen Personalmangel, mee virun allem och duerch dem Alain säin Talent, ass d’Organisatioun séier chaotesch ginn an e konservativen Afloss ass rëm méi staark ginn, wat besonneg um Niveau vun de Bezierker an a verschidde Lokalsektiounen fir eng Onzefriddenheet gesuergt huet.

Wisou dann elo den Récktrëtt? De Récktrëtt vum Posten vum Nationalpresident vun der adrenalin war keng einfach Decisioun. Zënter dem Nationalkongress vun der adr am Abrëll 2011, war dëst just déi lescht vun allen Optiounen, déi mir ons fräihale wollten. Wéi bei ville Memberen an de Bezierker, gouf et och bei ons eng Onzefriddenheet, déi virun allem duerch eng politesch Inkohärenz (bedéngt duerch e mol méi e liberalen, mol méi e konservativen Afloss) komm ass awer vill méi nach duerch d’Praxis, wéi ee mat Problemer a Leit, déi Problemer veruersaachen, ëmgeet. No verschiddenen Aktiounen a Pläng, mat deene mir gehofft hunn, eppes Konstruktives ze beweegen, hate mir den Entschloss gefaasst, fir op der jährlecher Klausurtagung vun der adrenalin en Proposenkatalog opzesetzen, wou a wéi d’adr sech bis 2014 entwéckle sollt. D’Resultat bei de Gemengewalen souwéi déi éischter passiv Haltung vun der Parteispëtzt am Bezuch op verschidden Evenementer, hunn eis awer e Strëch duerch d’Rechnung gemaach.

Mat engem schlechten Walresultat kann ee liewen. Dëst ass nu mol dat eenzecht Zeechen, dat engem verréit, datt een u sech selwer nach schaffe muss. Dëst ass och net de Problem. An der adr gëtt et awer e groussen an eechte Problem: et gi Leit, déi menger Meenung no en absolut parteischiedegent Verhaalen un den Dag leeen. Eng Persoun, déi zënter zwee Joer gewäerde gelooss gëtt a mat Äusserungen, déi net sielen e xenophobeschen, antiislameschen oder anescht-diskriminéiernden Ënnertoun hunn, ëmmer ënnert dem Deckmantel vum “stolze Patriotismus”, an doduerch d’Bild vun der Partei nohalteg schiedegt, ass fir mech net weider aktzeptabel. Wann dann och nach Ruffmord (duerch z.b. d’Manipuléiere vun enger Biographie vun engem adr-Deputéierten an sengem Wikipedia-Artikel) dobäi kënnt, souwéi d’Manipulatioun vum offiziellen adr-Artikel an der Wiki, sou datt en norwegenden Massemäerder op d’adr duerch eng einfach Stéchwuertsich opmierksam ka ginn(2) (si mer dach emol éierlech! Den Breivik ka ganz bestëmmt kee Lëtzebuergesch, villäicht nach e puer Brocken Däitsch, mee e liest ganz Bestëmmt net iwwer 10 Joer laang d’Pressekommuniquéeën vun enger vun de klengste Parteien a Lëtzebuerg!), dann ass fir mech eng Grenz iwwerschratt, wou et mir schwéier fällt, mech eechthaft an enger Organisatioun ze engagéieren, ouni datt ech meng Iwwerzeegungen opginn. Wann dës Persoun dann och nach an e Gemengerot gewielt gëtt, sou gënnen ech him dat villäicht perséinlech, allerdéngs bréngt dat d’Partei, an där ech bis virun e puer Stonnen en offizielle Vertrieder war, an eng extrem onglécklech Situatioun. Nierwt dëser Persoun, ginn et nach aner Persounen, déi an aneren Organisatiounen engagéiert sinn resp. opmannst Kontakter zu deenen hunn, déi fir mech net toleréierbar sinn (siehe Artikel am Feierkrop). D’adr steet virun enger Zerreissprobe, wou déi Responsabel endlech ausmëschten a ganz nei Weeër goe muss. Eng entgëlteg Klärung, op et en méi liberalen, sozialugehauchte Wee oder e konservativen a stritk-wäerteorientéierte Wee ass, mussen d’Delegéiert an deenen nächsten Méint an den Klausurtagungen decidéieren, am beschten, mam Seege vun der Basis.

Artikel am Feierkrop

Am Contraire zum Roy Reding senger Reaktioun op DNR (12. Oktober 2011 ëm 12:00 Auer), huet eis Demissioun näischt mat enger “klenger politescher Differenz” ze sinn. Et gëtt e groussen Ënnerscheet tëscht klengen, politeschen Differenzen, déi zur Meenungsbildung an enger Partei bäidroen an och zum demokrateschen Prozess gehéieren, an tëscht wierklech graven Aussoen, vun deenen ee sech distanzéiere wëll.
An entgéint der Meldung vum DNR um 13.00 Auer, hunn ech näischt vun deem, wat am Pressekommuniqué steet, erëm geholl!

Nodeems an der adr elo Schadensbegrenzung gemaach an den Réck- an Austrëtt erofgespillt gëtt, appelléieren ech u meng fréier Parteikolleegen, der Partei ze weisen, datt se mat deem Gedankengut näischt wëllen ze dinn hun an sech dovunner distanzéieren. D’adr brauch elo en Neistart! En neien Ustrach flickt keng futtis Maueren.

Aktualiséierung 12.10.2011 – 16.47: am Géigesaz zu der Headline op RTL.lu souwéi der News um Radio, ass dëse Récktrëtt keng Distanzéierung zu der Partei als solche, mee virun allem zu verschiddenen Persounen an deenen hir Aussoen, déi Repercutiounen op d’Gesamtpartei hunn! An der Partei ginn et, wéi gesot, ganz vill kapabel a kompetent Leit, déi e gudden Job maachen a leider vill ze oft ënnerschad ginn a kaum Méiglechkeeten hunn, sech ze beweisen.¨

Aktualiséierung 12.10.2011 – 22.12: Entgéint dem Gast Giberyen senger Ausso op RTL Télé, ass d’Haaptuersach net alleng eng méiglech konservativ Ausriichtung, mee inakzeptabel Aussoen vu Leit, déi duerch hir Mandater d’adr vertrieden sollten an net schiedegen!

Aktualiséierung 13.10.2011 – 10.31: Am Quotidien vun haut ass ze liesen, datt de Gast Gibéryen et net ausschléisst, datt bei eiser Decisioun e gewësse Grad u Jalousie matgespillt kann hunn. Ech ka versécheren, datt Näid absolut kee Grond war. Véier vun eis Fënnef, déi demissionéiert hunn, sinn guer net mat an d’Wale gaangen. Vill Leit wëssen, datt dës Iwwerleeungen schon laang gefouert ginn an een, deen eis Reaktiounen an deenen leschten 6 Méint verfollegt huet, gesäit dat och. E brauch sech nëmmen a sengen Bezierker ëmzehéieren, da mierkt en, datt mir net déi eenzeg sinn. Et fällt mer ëmmer erëm op, datt d’adr an hire Stellungnamen versicht, déi ganz Situatioun op eng einfach Differenz tëscht dem liberalen an konservativen Lager oder engem perséinlechen Sträit ze reduzéieren. Ech betounen et an aller Däitlechkeet: Wann d’adr sech net kloer an däitlech vum Joe Thein, Roy Reding an anere Leit, déi en ähnlecht Gedankengut deelen, distanzéiert, dann wäert d’adr zu Gronn goen. Mat Persounen, déi Junge Freiheit liesen an all hirt Wëssen aus LuxPrivat huelen an Aussoen maachen, déi déi ganz Bandbreet vun plumpen Populismus iwwer iwwerdriwwenen Nationalismus bis bei Xenophobie ofdecken, kënne mir eis net méi un en Dëch sëtzen. D’adr muss Faarw bekennen!

Quellen:

  1. http://www.adrenalin.lu/share/pdf/Pressekommunique_2011-10-11_Recktrett_Comite.pdf
  2. http://www.tagesanzeiger.ch/ausland/terror-in-norwegen/Breivik-stellt-Forderungen-an-die-Polizei/story/21220962?dossier_id=996

One Reply to “Iwwer mäi politescht Engagement… Part II”

  1. Pingback: dem Andy säi Blog

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *