Welch Alternativen huet d’Reformpartei?

Welch Alternativen huet d’Reformpartei?

Eis Aktioun, d’adrenalin an d’adr ze verloossen an dëst oppen ze kommuniquéieren schéngt Friichten ze droen. D’Parteispëtzt vun der Reformpartei huet sech wuel zesummesetze mussen fir déi lescht Deeg, Wochen a Méint Revue passéieren ze loossen. Lues a lues gëtt realiséiert, wat sech do iwwert Méint forméiert huet. Leider ze spéit a leider och nëmmen op extremen Drock!

Haut an der Mëttesstonn huet de Roby Mehlen sech och ëffentlech vum Joe Thein distanzéiert, de Jacques-Yves Henckes ass suguer e Schrëtt méi wäit gaangen a wëll, datt esou Leit direkt an ouni Wenn-und-Aber ausgeschloss ginn. Als deejéinegen, dee Méintlaang ëmmer rëm op d’Mëssstänn higewisen huet, begréissen ech déi Entwécklungen natierlech an ech hoffen, datt dës Saachen och konsequent ëmgesat ginn. De Joe Thein ass just ee vun e puer Fäll…

Am Jacques Drescher senger Carte Blanche op RTL iwwert d‘Opléisungserscheinungen an der ADR schwätzt hien vun enger méiglecher Spléckung oder Opléisung.

Ech kréien zënter en Dënschdeg den Owend, wou mer am Nationalvirstand eise Récktrëtt annoncéiert haten, nëmme wéineg mat, wat intern geschitt, dofir weess ech net, op do eppes drun ass. Ech ka mer virstellen, datt dat ville Leit aus deenen anere Parteien an och ville Journalisten a Wieler bestëmmt gefaalen dierft, mee ech fir mäin Deel gesinn nach Sënn an enger adr, allerdéngs muss wierklech komplett ausgemëscht ginn. Déi eenzeg Iwwerliewenschance gesinn ech mat dësem Wee:

Duerch déi allgemeng Onzefriddenheet vu ville Memberen aus der Basis an an den Bezierker an der adr iwwert e rietse Wee, deen sech ëmmer méi manifestéiert huet, an och duerch e Koup Leit, déi negativ opfalen an selbstverständlech och wéint der gewollter Erneierung, kënnt ee kaum ëm en ausseruerdentlechen Kongress. Op dësem muss eng nei Spëtz gewielt ginn, déi och wierklech d’Ënnerstëtzung vun der Basis huet. D’Kandidaturen dierfen net duerch iergendwelch Persounen am Hannergrond, déi, aus welche Grënn och ëmmer, iwwert de Prozeduren stinn, opgrond vun Ideologie etc. ausgewielt oder ofgelehnt ginn oder suguer fräiwëlleg-gezwonge sinn.

Nodeems eng nei Spëtz steet, muss a Form vu Klausurtagungen, sou wéi mir et am Abrëll als Adrenalin an sou wéi de Nordbezierk et am Mee als Resolutioun gefuerdert hat an sou wéi de Gast et en Dënschdeg ugekënnegt huet, decidéiert ginn, wou d’Memberen hi wëllen. Dës Klausurtagungen mussen onbedéngt ëffentlech sinn. D’Zwëschenresultater mussen ëffentlech zougänglech sinn. D’Prozeduren mussen demokratesch an transparent sinn. Dat bescht wier suguer, wann dës Klausurtagung via Livestream um Internetsite ze kucken oder als Videopnahm spéider ofruffbar ass.

Dëst ass a mengen Aaen deen eenzege Wee, fir absolut transparent en Erneierungsprozess anzeleeden, deen och als éierlechen Erneierungsprozess wouergeholl ka ginn.

Am Plaz krampfhaft no enger Ideologie ze sichen, sollt een de Fokus vill méi op konkret Projeten, op Alternativen a Reformen leeën, sou wéi de Numm et eigentlech och seet. Léiwer e puer gutt Punkten wéi e riisege Programm wou net jiddwereen dohanner steet. D’Basis ass extrem heterogen, eng aner Alternativ gëtt et net. An der ADR ginn et an der Zweeter Rei eng Rëtsch Leit, déi kapabel sinn an déi duerch Staraffekoten an Diplomaten, déi vill méi spéit vu riets rakomm sinn, iwwergaange goufen, déi der Partei kuerzfrësteg méi Renomée brénge sollt. Dee Schoss ass awer no hanne lass gaangen…

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.