Fernand Kartheiser – e Mann ouni Härz a Gewëssen!

Fernand Kartheiser – e Mann ouni Härz a Gewëssen!

Här Kartheiser,

Nodeems ech virun 2 Wochen mat engem Blogpost op en Artikel vun Ierch reagéiert hunn, wëll ech dës Reaktioun méi formell  a Form vun engem oppene Bréif maachen.
Virun e puer Deeg hutt Dir op Äerem Blog en Artikel publizéiert, dee sech alt nees ëm en LGBT-Thema dréiht, dës Kéier alleng ëm d’Adoptioun. Äer Äntwert war eng Reaktioun op de Pressedossier vun de Gréngen, deen de 5. Februar verëffentlecht gouf.

Et brennt mer op der Séil, fir och Äeren zweeten Artikel méi genee ënnert d’Lupp ze huelen, dofir ginn ech Abschnëtt fir Abschnëtt duerch.
Direkt am éischten Abschnëtt hunn ech mech e bësse gewonnert, datt Dir dem Lieser erkläere musst, datt „eng lesbesch Koppel nëmmen eng Variant vun enger homosexueller  Koppel ass“. Well Dir jo selwer sou frou mam Laténgeche sitt, wollt ech just eng Kéier präziséieren, datt dat Wuert „Homosexuell“, wéi iwwregens och d’Wuert „Heterosexuell“, eng hybrid Neibildung aus dem griicheschen „homo“ fir ‚gläich‘ (resp. „heteros“ fir ‚ongläich‘) an dem laténgeschem „sexus“ fir ‚Geschlecht‘ ass. Et passéiert ville Leit, déi dem Laténgesche mächteg sinn, de griicheschen Deel fir Latäin ze halen, wat dann „Mann“ bedeite giff. Ech ginn zou, dës wier och méi plausibel, wann den „hetero“ net awer griichesch wier. Zënter 1900 gëtt an den däitschsproochege Länner, fir Mëssverständnisser ze vermeiden, dofir d’Iwwersetzung „gläichgeschlechtlech“ benotzt, wou Rosa Lëtzebuerg z.b. och stänneg beméit ass, dëst ze maachen.

Ech wëll deen Deel dann elo iwwersprangen, wou Dir Ierch iwwert sproochlech Akrobatikkënscht beschwéiert, fir aus „Mamm“ a „Papp“ en neutralen „Elterendeel“ oder ähnleches ze maachen (Gesetzestexter musse fir mech net zwéngend noutwenneg mat symbolträchten Wierder mat emotionalem Touch gespéckt sinn) oder wou Dir léiwer den netbestuete Leit d’Recht op eng adoption simple ewechhuele gifft ewéi  de gläichgeschlechtleche Koppelen d’Recht op eng adoption plénière oder eben och op déi méi einfach adoption simple ze ginn. Grad déi lescht Ausso seet menger Meenung no vill iwwert Äert Familljebild an Äer Virstellung vun der aktueller Gesellschaft aus.

Wat mech entsat huet ass dogéint awer villméi Äer Virstellung vun enger Bezéihung tëscht zwou Fraaen resp. zwee Männer! Dir schreiwt, datt Kanner, déi bei homosexuelle Koppelen opwuessen, a Wierklechkeet bei zwee Schauspiller opwuesse giff, déi „sexuéiert Eltere spille“ giffen. Dëst ass u Respektlosegkeet net ze iwwerbidden. Äert Bild, vun enger gläichgeschlechtlecher Koppel, op se elo Kanner huet oder net, ass geprägt vun engem Viruertdeel , wéi een se aus de bëllegen Seefenoperen aus de fréie 90er Joere kennt. Ech kann Ierch versécheren, datt an deenen mansten gläichgeschlechtleche Koppelen Partner sinn, wou deen een eng weiblech Roll versicht „ze imitéieren“ an deen aneren déi männlech. Genee esou abstrus ass et ze soen, datt ee versicht „Mamm“ a „Papp“ ze spillen. Et sinn entweder zwou Mammen oder zwee Pappen. Dat wat op alle Fall net gespillt ass, ass d’Léift, d’Zouneigung an d’Gebuergenheet. Sollt dës beleidegent Theorie, déi dir hei opzestelle versicht, d’Reaktioun op d’Kritik (samt Argument sinn) sinn, datt Kanner bäi gläichgeschlechtleche Koppelen mindestens genee esou gutt opwuesse kënnen (siehe Extrait aus dem deutschen Ärzteblatt, deen ech Ierch a mengem virrëschte Blogpost genannt hunn)?

Aus Äerem nächsten Abschnëtt ginn ech net richteg schlau. Dir sitt der Meenung, datt Kanner aus enger adoption plénière, an nach „méi schlëmm bei enger PMA“, also enger kënschtlecher Befruchtung, keng aner Famill, keng Elteren, Grousselteren, Monnien, Koséngen etc. hätten a just bei deenen zwee „Elteren-Schauspiller“ wunne giffen.  Dës Ausso schockéiert mech direkt op e puer Manéieren. Am Kloertext bedeit dat folgendes:

    • Entweder si mat Eltere-Schauspiller déi uewe beschriwwen gläichgeschlechtlech Koppele gemengt oder generell sämtlech Elteren, egal op homo- oder heterosexuell, déi eng adoption plénière maachen.
    • Wann éischteres zoutrëfft, wéi stitt der dann zu heterosexuellen Elteren, déi eng adoption plénière maachen? Menges Wëssens no gëtt an deenen Fäll schon zënter Joerzéngten d’Wuerzelen zu der biologescher Famill gekappt! Dat ass näischt neies, wat réicht mat der Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppele giff kommen!!
    • D’Formuléierung „bei den Eltere-Schauspiller wunnen“, léist drop schléissen, datt Dir weder d’Elterequalifikatioune vun dëse Leit unerkenne wëllt, nach datt dat Kand do e flott liewe kinnt hunn.
    • Bei der PMA, der kënschtlecher Befruchtung, ass et einfach schlicht falsch, ze behaapten, datt d’Kand keng Elteren, Grousselteren, Monnien, Koséngen etc. hätt. Reng biologesch huet e Kand, dat per PMA gezäugt a gebuer gouf a bei zwou Mammen opwiist am beschte Fall déi gesamt Famill vun der leiblecher Mamm, plus déi vun der Adoptivmamm: also am Gesamten eng Famill wéi souvill Kanner hautdesdags och, wou z.b. en Elterendeel verstuewen ass an de Verbliwwenen nei liéiert ass.

Dëst alles wier e psychologeschen Albdram fir all Kand, sot Dir. An wat ass mat all deene Kanner, déi an engem Weesenheem liewen? Sollen déi léiwer an engem Weesenheem bleiwen, fir net bei zwee „Schauspiller“ opwuessen ze mussen, déi aus echter Léift fir dat Kand sech entscheet hunn, hirt Liewen ëmzestellen?

Am Generellen ass et einfach onfaassbar, dat vu der Contra-Säit stänneg versicht gëtt, d’Situatioun esou duerzestellen, datt an Zukunft einfach mol esou eng gläichgeschlechtlech Koppel an Butték geet an sech do e Kand keeft. Selbstverständlech mussen et do déi selwescht Auswahlkriterien ginn, wéi et se elo scho bei enger Adoptioun fir heterosexuell Koppele gëtt. Dës laangwiereg an wierklech komplizéiert a penibel Prozeduren, déi dat komplett Privatliewen vun deenen zwee Kandidaten ënnert d’Lupp huele sollen a vu qualifizéierte Leit duerchgefouert ginn, sinn vu sech aus schon eng Hürd fir all Kandidat, deen aus enger Laun eraus e Kand wëll an dat ass och gutt esou!

An Äerem leschten Abschnëtt benotzt dir e Saz, dee méiglechst stoark ënnersträiche soll, aus welche Grënn een géint eng adoption plénière sollt sinn, an deems Dir opzielt, datt een sech am internationale Recht, an der Ethik an och an de medizineschen a soziale Beruffer eenz wier, datt all Kand e Recht op d’Wëssen ëm séng Hirkonft misst hunn. Dëst ass sécherlech eng Diskussioun, déi een onbedéngt féiere sollt, well et e grondleeende Kritik vun der adoption plénière als solche duerstellt. Awer w.e.g. ausserhallef vun der Diskussioun, op d‘gläichgeschlechtlech Koppelen iwwerhapt adoptéieren solle kënnen! Dëst am Zesummenhang mam gläichgeschlechtleche Bestietnes an der Adoptioun vu Kanner ze setzen, ass just pure Mutwëll, fir e weidert Contra-Argument ze liwweren, dat a Realitéit näischt mat der Saach u sech ze dinn huet.

Bezunn op Äere leschte Saz kann ech Iech nëmme versécheren, datt Dir net deen eenzegen Deputéierte sitt, deen géint e kannerfeindlecht Gesetz gifft stëmmen, neen, Dir wiert deen eenzegen Deputéierten, dee kannerfeindlech ass an dat am Glaawen, eppes Positives fir eben dës Kanner ze maachen, andeems der z.b. Weesekanner Elteren resp. de leifleche Kanner vun engem Ehepartner den zweeten Papp resp. déi zweet Mamm virenthalt. An dësem Fall strooft Dir déi Kanner, andeems eben dës fir Äer antiquéiert Moralvirstellungen mussen onglécklech bleiwen.

Zum Schluss wëll ech Ierch nach soen, datt sämtlech Artikelen, déi Dir iwwert LGBT-Themen bis elo verfaasst hutt, geprägt sinn duerch Onwëssenheet an enger Angscht virun enger Gesellschaft, déi Äer Moralvirstellungen scho laang iwwerholl huet. Ech hoffen, ech konnt Ierch mat dësem an och mat mengem virrëschtem Blogpost e puer Wëssenslücke fëllen, e puer Viruerteeler ofbauen an Ierch zum Nodenken ureegen. Wann der awer nach do sollte sinn, sou invitéieren ech Ierch ganz ganz häerzlech op en Informatiouns- an Diskussiounsowend, dee Rosa Lëtzebuerg an deenen nächste Wochen organiséiere wäert, a wou mir mat méiglechst villen Akteuren aus alle Beräicher iwwert dës Thematik debatéiere wëllen.

PS:  zum Schluss nach e Bild aus enger Facebookgrupp, dat zum Nodenken ureecht!

 

2 Replies to “Fernand Kartheiser – e Mann ouni Härz a Gewëssen!”

  1. Also all Respekt fir desen respektvollen Bréif. Ech muss soen dass ech mei mat roserei gif schreiwen, well ech deck de Latz hunn mat verschidenen Aussoen dei gemacht ginn sinn vis a vis vun den Homosexuellen. Ech liewen elo schons geschwen 22 Joer an enger lesbescher Bezeihung wou mei Fis mat opgewues ass. Ann glewt mir ët…hien huet vun eis allenzwee vill Leift kritt an buet keng Problemer an der schoul an arbescht domat. Hien ass Papp vun 2 Bouvenan hetero. Ech well mech net nach weider an Rage rieden….mee villeicht gesinn mir jo den Her Kartheiser dat mir zesummen diskutéieren kennen. Am respektvollen Emgang matdeneen.

  2. De Problem ass, dat vill Leit keng Ahnung hunn an ob esou Leit wéi den Här K. lauschteren, d’Definitioun vu Populismus. Mee vill méi schlëmm ewéi all déi Saachen déi dir hei opzielt hutt, dat hie behaapt, d’Legalisatioun vun der gläichgeschlechtlechem Bestietnis an Adoptioun nëmmen en éischte Schrëtt hin zur Depénalisatioun vu Pädophilie ass. Ech ka just soen, als professionellen am edukative Beräich, e Kand ass bei enger Koppel op Homo oder Hetero am generelle besser opgehuewen ewéi an engem Heem.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert