Iwwer mäi politescht Engagement an d’Asylpolitik

Iwwer mäi politescht Engagement an d’Asylpolitik

Bei jiddwerengem, deen an engem Grupp aktiv ass, sierf dat elo an der Fräizäit, z.b. engem Veräin oder op der Aarbecht, kënnt emol de Punkt, wou en eng aner Vu op verschidde Punkten huet. Grad am Fall vun enger Partei kënnen dës Differenzen dann emsou méi grouss sinn. Dëse Punkt ass elo bei mir an der Asylpolitik komm.

Ech wëll awer nach kuerz virdrun zu mengem politeschen Engagement eppes soen: wéi dir wahrscheinlech wësst, ass d’ADR keng Partei, déi enger spezieller Ideologie ënnerläit. Se huet sech aus enger 1-Punkt-Partei entwéckelt an no a no nei Punkten mat erageholl. Ech di mech perséinlech ganz schwéier, d’Partei a mech selwer enger politescher Stréimung ënnerzeuerdnen. Ech si weder libertär, nach sozialistesch, am allerwéinegste awer konservativ oder eppes aneschters, an dach sinn ech an enger Partei gelandt, wou verschiddener sech konservativ nennen. Net datt dat eent besser oder schlechter wier wéi dat anert, nee, mee et beschreiwt mech a meng Denkweis net gutt genuch an eng Festleeung verbitt mer, iwwert mäin Tellerrand erauszekucken, wann ech bannend der Ideologie wëll kohärend bleiwen. D’Basis vun der ADR ass awer och net onbedéngt konservativ. Se ass mat deenen ënnscheedlechste Stréimungen duerchwuess, wéi et bei kenger anerer Partei zu Lëtzebuerg de Fall ass. D’Rentegerechtegkeet war en Thema, fir dat een sech als konservativen CSV-Wieler genee esou wéi als Lénken erwierme konnt.

Méng Motivatioun, politesch aktiv ze ginn, ass awer ganz séier erkläert: ech sinn dorunner interesséiert, verschidden Iddien, déi ech interessant fannen, ze ënnerstëtzen. Ech gesinn z.b. an engem Citytunnel duerchaus Sënn a méi Virdeeler wéi an engem Tram. Datt een en Elterendeel, sierf dat elo eng Mamm oder e Papp, finanziell ënnerstëtze sollt, wann se sech fir eng Auszäit aus dem Beruf zu gonschte vun hiere Kanner decidéieren, ass och eng gutt Saach. Däer Punkte ginn et der nach e puer an do hunn ech an der ADR déi beschte Méiglechkeet gesinn, fir genee déi Projeten ze ënnerstëtzen. Ech behale mer awer och d’Recht vir, net mat allem averstanen ze sinn a wann et géint méng perséinlech Iwwerzeegung geet, mech ze distanzéieren. Ech kann mech och duerchaus fir Positiounen vun anere Parteien erwiermen an an der Politik sollt et och méi e Mateneen ginn, ewéi e Géinteneen. Wat ech net maachen, an do sinn ech frou, datt d’Statuten vun der Adrenalin, déi jonk adr, dat selwescht an hierem éischten Artikel soen, ass, datt ech mer méng Denkweis vun enger politescher Ideologie diktéiere loossen, och dann net, wa mer eng Ideologie vun engem aneren opgeschwoart gëtt. Ech si frou, datt d’Kollegen aus der Adrenalin dat och esou gesinn. D’ADR huet näischt am konservativen Eck verluer an huet hierem Numm als eng Partei déi Alternativen proposéiert, gerecht ze ginn. D’Liebäugelen vu verschiddener mam Konservatismus ass allerdéngs en anert Kapitel op dat ech demnächst nach eng Kéier zréckkomme wäert.

An der lescht ass elo eng Diskussioun iwwert d’Asylpolitik zu Lëtzebuerg lassgetrëppelt ginn. Fir ze resuméieren: et schéngt, wéi wann an de leschte Wochen all Woch eng 60 Aysldemanden vu Roma aus Serbien agereecht giffe ginn. D’Familljeministesch wier “total verzweifelt” an den Immigratiounsminister mengt, “et misst een d’Saach an de Grëff” kréien.
Meng Partei erkennt de Problem a fuerdert an engem Pressekommuniqué, datt d’Asyldemanden séier traitéiert ginn an am Fall, wou se refuséiert ginn, kuerzfrësteg nees an hiert Land bruecht ginn, ouni finanziell Kompensatioun auszebezuelen. Mat Verweis op den Accord vun Dublin wier den Ëmstand séier ënner Kontroll ze kréien.

Ech sinn mat dësem Pressekommuniqué, besonneg mam leschten Deel, net averstanen. D’Roma sinn och nëmme Mënschen a mier sollten all deenen Hëllef zoukomme loossen, déi se froen. Dat ass a sollt ëmmer dat éischt Gebot sinn. D’Léisung kann et net sinn, ze soen, datt mir näischt domadden ze dinn wëllen hunn, an se dann zréckzeschécken. Esou einfach dierfe mir eis et awer net maachen.
Fir dann awer emol d’Fro opzewerfen: Wat maache mer mat deene Leit? D’Ministere Jacobs a Schmit hu keng Léisung drop, an éierlech gesot, ech esou séier och net.
Eng Saach, déi dack ugefouert gëtt, ass, datt hiere Liewensstil net mat de Rechter a Pflichten an eiser Gesellschaft kompatibel wieren. Gemengt ass hei den Ëmstand datt d’Roma sech heefeg net registréiere resp. datt se en aneren Gebrauch bei hire Nimm hunn ewéi mir. Vill vun hinnen, awer natierlech laang net alleguer, gehéieren zum “fahrende Vollék”, wéi se dack ofwäertend genannt ginn, wat u sech bedeit, datt sech do néierloosse, wou et hinne gefällt. Dëst sinn alles Klischeeen an ech giff léie, wann ech giff soen, datt ech mat absoluter Sëcherheet wéist, op all dës Klischeeë zu 100% op déi Asylbewerber giff passen, déi sech hei am Land presentéieren. Et ass onmoralesch, mat Hallef- oder Onwëssen Angscht ze maachen. Et misst een also eng ëffentlech Diskussioun féieren: ouni Klischeeen, dofir awer mat Fakten, an virun allem och mat de Leit selwer.

Et gesäit een allerdéngs eng gréisser Fro op eis duerkommen, ewéi just de “Wou kréie mer se ënnerbruecht?”. Europa sollt eng Plaz sinn, wou d’Leit, primär d’Europäer, sech alleguerte wuel fillen, wou een och seng Traditiounen a Kultur ausliewe kann, am Respekt mat de Matmënschen. Keen ass manner Wäert wéi en aneren. D’Fro ass just, wéi dat elo alles beienee passt… Politik heescht, sech der Gesellschaft upassen. Hei wäert e gesellschaftleche Wandel kommen.

Andy Maar

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert