No der Table ronde um RTL: eise Schoulsystem e bësse méi detailléiert

No der Table ronde um RTL: eise Schoulsystem e bësse méi detailléiert

Foto: © Eric Steichen

Ech hunn elo déi éischt Fernsehs-Table ronde mat enger ganzer Rëtsch laangjährege Beruffspolitiker an ë.a. zwee Ministeren hannert mir an jo, ech war zimlech nervös. Well et eng moderéiert Table ronde war, déi um Prinzip Froen-Äntwerten baséiert, ass mer d’Zäit e bëssen ze knapp gewierscht, och wann ech um Enn awer nach annerhallef Minutt iwwreg hat, fir iwwert en Haaptpunkt vun eisem Edukatiounsprogramm ze schwätzen.
Hei dofir elo an aller Rou d’Äntwerten op d’Froen zum modulare Schoulsystem, sou wéi d’Piraten sech e virstellen.

Direkt emol um Ufank: Mir wëlle gäer den Enseignement Secondaire Classique an den Technique zu enger Gesamtschoul verschmëlzen. Wisou, erklären ech.

Domadder schafe mer eng Basis fir den Opbau vun engem moduläre Schoulsystem, deen a jiddwer Hisiicht flexibel ass an op d’Bedierfnësser, d’Talenter an d’Stäerkten souwéi Schwächte vu jiddwer eenzelne Schüler ageet. Mir hunn dann e Lycée, dee keng willkürlech Barriere méi huet an net einfach de Schüler zum Erwuessenen, zur Aarbechtskraaft hiverwalt. D’Opdeelung an Handwierker an Akademiker ass no eisem Versteesdemech e vereelstend Klassen-Denken, dat net méi an eis Zäit passt.

Wéi kënne mer ons dëse moduläre Schoulsystem da virstellen?schoulsystemMajo, fir d’éischt emol definéiere mer zwee Bléck: Block A gruppéiert d’Schouljoeren vu 7eme bis 9eme an dann de Block B mat de Schouljoeren 10eme bis 13eme.

De Stonneplang vum Block A deele mer sengersäits an zwou Kolonnen an, eng fir d’Pflichtfächer an eng fir d’Walfächer. D’Fächer selwer ginn alleguerten an Moduler ugebueden. Wat e Fach méi komplex an, wat vun engem Fach méi Moduler existéieren. Zu de Pflichtfächer soll virun allem weiderhinn d’Sproochen Däitsch Franséisch an Englesch gehéieren, souwéi d’Mathé. An elo kënnt dat interessant: de Schüler selwer kann decidéieren, welch Moduler hien an déi zweet Kolonn fir d’Walfächer leet. An dëst Trimester fir Trimester. Wichteg ass, datt bis zu engem gewëssen Zäitpunkt awer e Minimum u Walmoduler muss beluecht gi sinn, soen mer mol min. 3 Moduler Geschicht, 3 Moduler Geographie a.s.w. fir virun ze kommen an fir ze gewährleeschten, datt jiddwereen en ähnlechen Niveau am Allgemengwessen huet.

De grousse Virdeel: bei dësem, nenne mer et mol „experimentéieren“, kann e Schüler mathëllef vu Walfächer erausfannen, welch Berufsrichtung him perséinlech läit, ouni datt en dofir carément d’Schoulrichtung muss wiesselen. Hie stellt sech quasi säi Programm esou zesummen wéi et him gefällt, selbstverständlech mat der professioneller Begleedung vum Schoulpersonal. Dëst kinnt en Vertrauenslehrer sinn oder d’SPOS-Equipe.
Natierlech ass och d’Orientéierung e Faktor deen net ze vernoléissegen ass an wou méi Efforten gemaach musse ginn. D’Orientéierung ass awer eppes dat am Intressi vum Schüler muss geschéien an net am Interessi vun enger ablécklecher Nofro vum Aarbechtsmaart, déi muer rem aneschters ka sinn.

Eng weider Neierung an eiser Virstellung vum idealen Schoulsystem ass d’Lasskopple vun de Berufsrichtungen vun de Sproochen. Ech wëll betounen, datt fir eis Piraten d’Sproochevielfalt extrem wichteg ass a mir drop halen, datt eis Kanner esou vill wéi méiglech Sproochen annähernd gutt beherrschen. An enger ëmmer besser vernetzter Welt ass d’Kommunikatioun iwwert d’Landesgrenzen ewech an d’Verstännegung hei am Land selwer eminent wichteg. Mir erkennen awer och d’Realitéit. Si mer éierlech, laang net jiddwereen ass en Sproochentalent. Wat brengt et ons dann, dësem seng Wonschberufsausbildung ze versperren? Wat brengt et eis, wa mer eng Klass hunn, déi nëmmen opgrond vum selweschten Alter vun de Schüler zesummegestallt ass? Individuell op den eenzelne Schüler anzegoen, grad bei engem akkute Proffemangel, ass quasi net méiglech. Am aktuelle System ginn am schlëmmste Fall schwaach Schüler am selweschte Fach iwwer- an staark Schüler ënnerfuerdert.

E klengt Beispill: e Schüler, deen kënschtlerech Talenter huet, giff gäer Grafiker ginn. En ass am Franséischen awer net sou gutt. Doduerch leit en ab der 7eme net nëmmen am Franséischen mee och an der Mathé, déi jo och op franséisch enseignéiert gëtt.
Resultat: an ville Fäll gëtt en op eng Klass geschéckt, wou d’Franséischt an d‘Mathé um Niveau vun der Grondschoul geléiert gëtt, spéiderhinn ass en CATP- oder CCM-Ofschloss méiglech, wou en da guer kee Franséisch méi huet. Doduerch léiert en nimols anstänneg Franséisch, scho guer keen Englesch, well et dat Fach do einfach net gëtt, an e muss aus engem ganz begrenzte Spektrum u Beruffer auswielen, déi em guer net leien. Weder den LTAM hëllt menges Wëssens en CATPist fir eng Artistiquesklass un nach eng auslännesch Fachhéichschoul. Natierlech, et ginn ganz wéineg Ausnahmen, déi et packen, sech aus dem Régime Préparatoire mühseleg eropzeschaffen, fir awer eng Laafbunn anzeschloen, déi op enger Fachhéichschoul endegt. Mee mir empfannen dësen Ëmwee, deen de Schüler dack e puer Schouljoer kascht, als eng iwwerdriwwe Moossnahm fir eng Schwächt, déi een mat eisem System aneschters ugaange wier.

Dofir soe mer:  wisou fördere mer net säin Talent? Loost dëse Schüler dach ë.a. déi Walmoduler wielen, déi säin Talent förderen! Am Franséischen, iwwregens an den aneren Moduler och, kënnt en dann an e Modul, dat sengem tatsächleche Sproocheniveau an där Sprooch entsprécht. Hei an dësem Modul sëtzt en mat anere Schüler zesummen, déi och op quasi deem selweschte Niveau sinn.

Voila. Am Block B, also ab 10eme, gëtt de Stonneplang reorganiséiert an et kënnt eng drëtt Kolonn dobäi. Dës ass fir d’Spezialiséierungsmoduler, déi de Schüler op säin tatsächlechen Berufswonsch hi virbereeden. Duerch d’Experimentéieren vun de Walmoduler am Block A weess en zimlech konkret wat e wëll ginn. Fir dat Zil ze ereechen, huet de Educatiounsministère, zesumme mat der jeweileger Beruffskummer, en Schema mat Spezialiséierungsmoduler ausgeschaft, un deem sech de Schüler orientéiere kann. Hie kann awer selwer nach de Fokus duerch d’Austausche vu Spezialiséierungsmoduler oder d’Wiele vu Walmoduler op dat eent oder anert Fach leeen. Nom Ofschloss gëtt dem Schüler da beschäinegt, welch Moduler hien absolvéiert huet an wéi en am Ofschlossexamen doranner ofgeschnidden huet.

Natierlech hu mer och nach eng sëllegen aner Proposen zum Edukatiounssystem, sou zum Beispill d’Aféiere vun engem Mediekompetenzfach, wat de Schüler scho fréi Bäibrénge soll, wéi een mat den neien Medien eenz gëtt, wéi een un Informatiounen kënnt an dës op hir Seriösitéit iwwerpréift. Den Detail dovunner souwéi nach aner Propose fannt dir an eisem Walprogramm.

5 Replies to “No der Table ronde um RTL: eise Schoulsystem e bësse méi detailléiert”

  1. Ech fannen den Deel mat der Literaturssprooch an net-Sproochen-Fächer e bëssen wäit hiergeholl, well een do bal ëmmer mat dem selwechten Vokabulär konfrontéiert gëtt, an ech wor mäin ganzt Liewen eng riseg Päif am franséischen!).
    Ausserdeem besteet jo eisen System och doran datt am Classique éischter franséisch Lecture drun kennt, an am Technique éischter däitsch.Dohier froen ech mech grad, nieft der Literatursprooch, wann d’Schüler hier Walfächer däerfen wielen, wéi vill Klassen do entstinn? Den System do erënnert staark un d’Uni, mä do ass ee jo net méi an enger Klass…
    Dir schreift, datt Dir d’Sproochevielfalt ënnerstëtzt ass jo ganz löblech, do ginn d’Leit jo am Classique genuch gestritzt, ech perséinlech géing mer wënschen datt an eisem Schoulsystem endlech d’Lëtzebuergesch als en Haaptfach géing verankert ginn, mär kennen ons als Land richteg schummen, datt dat bis haut nach net geschitt ass.

    1. Ma mir gesinn dat esou, datt d’Kanner op lëtzebuergesch alphabetiséiert sollte ginn. Dëst virun allem well d’Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch e wichtege Faktor fir d’sozial Kohäsioun ass a wou eng Trennung no Sproochen nëmmen d’Kluft vergréissert. D’Lëtzebuergescht huet an deene leschten 20 Joer a grad zënter de Generatiounen SMS & Facebook enorm u Bedeitung gewonnen. Dofir gehéiert d’lëtzebuergesch Sprooch onbedéngt schon an d’Grondschoul.

      Ab dem Secondaire muss ee sech ëm déi aner Sprooche këmmeren. Wéi ech geschriwwen hunn, sollten d’Sproochefächer onbedengt jiddwerengem do hëllefen, wou een Hëllef brauch. E Fach oder eng Schoul als ganze, déi de Schüler zevill iwwerfuerdert schued senger Motivatioun. D’Schoul soll awer Freet maachen. Freet fir neies ze léieren.
      Eng Ähnlechkeet mam Prinzip vun der Uni ass duerchaus gewollt. Mir trauen et dem jonke Mënsch zou, selwer Responsabilitéit bei der Wiel vu senge Fächer ze iwwerloossen an mir wëllen et och alle Schüler méiglech maachen, déi Fächer ze hunn, déi hie begeeschtert an déi seng Talenter förderen. Dat huet natierlech d’Konsequenz, datt dat traditionellt Klasse-Prinzip wéi mer et haut kennen, komplett ännert. Dëst zu Gonschten vun engem total flexiblen System. De Schoulbetriib ännert heiduech och. D’Gebaier mussen fir d’Ubidde vun enger gréisstméiglecher Auswal u Moduler méi zesummeschaffen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert