Es war doch nur ein Witz… oder doch nicht?

Es war doch nur ein Witz… oder doch nicht?

Eigentlech ass dat Ganzt kee Kommentar méi wäert, an awer gehéiert déi ganz Diskussioun ëm d’Wuert „Te Gayum“ zu deene Geschichten, wou et engem an de Fanger kribbelt, fir et dann awer nach ze kommentéieren. Fir d’éischt awer mol nach d’Virgeschicht, fir et an de Kontext ze setzen:

Bei engem „Point presse“ huet den aktuellen Nach-Formateur Xavier Bettel wësse gelooss, datt déi nei Regierung plangt, d’Bedeitung vum „Te Deum“ am Programm fir d’Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag duerch en netreliéise Staatsakt ze ersetzen. Wat, wuelgemierkt, net bedeit, datt iergendeen an Zukunft den Te Deum ofschafe wëll! Doropshin huet de frësch gebakenen ADR-Popu…ähm ADR-Politiker Roy Reding sech dozou hiräisse geloss, fir op Facebook de Joerhonnertwitz «Den Te Deum ass doud. Vive den Te Gayum ???» ze publizéieren.

Dëst huet natierlech direkt héich Welle geschloen. D’Tageblatt an den Essentiel hunn nach dee selwechten Owend dëse literaesch Ergoss mat enger Kritik gewierdegt. An op d‘Nofro beim Auteur vun dësem Zwee-Sätzer, krut de Journalist Michel Thiel och erzielt:

„Et war dach nëmmen e Witz. Ech wollt domadde keen diskriminéieren“.

Et Schenkelklopfer also?

Den Dag dono huet den RTL Radio et Mëttes an dunn och den RTL Tële Owes opgegraff. A kuckelei: et ass elo op eng kéier kee „flappsege Witz“ méi, am Géigendeel, et war elo op eng Kéier e wueliwwerluechten Aussproch, deen eng ganz eecht Suerg a sech dréiht: „Et ass e Wuertspill, dat op e Mëssstand hiweist […]“ Mësstänn also? Ahjo… Mëssstänn, déi sech esou duerstellen, datt d’Regierung déi nächst 6 Méint mat allen Ministeren a Staatssekretären näischt aneres maachen, ewéi um Homo-Mariage ze schaffen!

Wéi den RTL.lu-Bäitrag mech zitéit, wëll ech dem Herr Reding net direkt Homophobie ënnerstellen. Homophobie bezeechent eng géint Lesben a Schwuler geriichten Aversioun (Update: d’Tatsaach, datt den Här Reding sech net fir de schlechte Witz ëntschëllege wëll, d’Kritiken absolut net versteet, an den Dag drop et suguer nach mat engem zesummegesponnenen politeschen Hannergedanken erkläre wëll, léist mech zum Schloss kommen, datt dem Auteur d’Gefiller vun dëser Minoritéit häerzlech egal sinn). Menger Meenung no, war et dem Här Reding seng primär Intentioun, un dem Xavier Bettel an Etienne Schneider hir Adress eng ofschätzeg Remarque ze riichten, bezuchhuelend op déi Gemeinsamkeet, datt béid Politiker offiziell geout sinn, an dat well se sech getraut hunn, den Te Deum an der Programmatioun duerch en atheistesche Staatsakt ze ersetzen. Datt déi Remarque gläichzäiteg ofwertend fir all aner homosexuell Leit ass, war dem Här Reding wuel net esou direkt bewosst, wéi en dat geschriwwen huet. D’Kritik, datt hien awer mat eppes de Geck mecht, woumadder een net de Geck ze maachen huet, bleiwt awer trotzdem bestoen. Et ass definitiv schlechte Goût an e verdammt schlechte Start fir en Deputéierten, engem Vollèksvertrieder (!!), deen och an der Vergaangenheet mat verbalen Entgleisungen fir sou munch Provokatioun gesuergt huet (cf. Asyltourismus). Datt e Mann, deen nach ni fir seng diplomatesch Fähegkeeten a säi Fangerspëtzegefill am Ëmgang mat Minoritéiten, déi em net esou no stinn, bekannt war, am November 2011 fir de Posten vum Ombudsmann kandidéiert huet ass wuel dee bessere Witz!!

Bemierkenswert ass och, datt aner ADRler elo versichen, vum eigentlechen Fakt, nämlech enger homophober Äusserung, ofzelenken, an deems se iwwert Meenungsfräiheet an Political Correctnes referéieren, ass méi wéi zynesch. Dës Leit hunn effektiv nach de Culot, sech doriwwer ze beschwéieren, datt an dësem Zäitalter all Wuert op d’Wo geluecht gëtt an datt een dowéinst verschidde Riedewendunge, Wuertspiller a Witzer net méi bréngen dierf, et wier Zensur an Aschränkung vun der Meenungsfräiheet.

Dir Hären, denkt villäicht emol heiriwwer no:
Et ginn nach immens vill Leit, déi an hirem Liewen mat den alldeegleche Problemer wéi sozial Ausgrenzung, Mobbing bis suguer a siele Fäll nach physesch Gewalt konfrontéiert ginn. Et gi Jugendlecher, déi no engem Outing doheem erausgeheit ginn, et ginn Erwuessener, déi no joerelaangem Mobbing op der Aarbecht net méi an an aus wëssen. Leit, déi am Suizid dack den eenzegen Auswee gesinn. Jonker, déi fir d’éischt emol léiere mussen, mat hirer neientdeckter Identitéit eenz ze ginn. Spréch, déi een am Schoulhaff héiert wéi „Dat do ass jo voll schwul“ fir eppes, wat mannerwäerteg ass, kenne mer alleguer an droen net dozou bäi, datt e jonke Mënsch sech wuel fillt an iergendwann de Schrëtt mecht, fir sech selwer ze akzeptéieren.

E Politiker, deen mat esou engem bëllege Witz de Leit dobausse weist, datt een mat sou Wuertspiller de Geck maache kann, huet menger Meenung no näischt an der Chamber verluer. Et verletzt net nëmmen d’Gefiller vu Betraffener, mee et suergt och net dofir, datt Viruertdeeler an der Gesellschaft verschwannen an Wieder wéi „Gay“, „Schwul“ etc. hir ofwertend Cronotatioun verléieren.
Ass dat den neie politesche Stil vun der ADR, fir mat Provokatiounen, op Käschte vun aneren, en RTL-Kamerateam ze kréien an sou äer Messagen un de Bierger ze bréngen? Léif ADRler, dier déi dach esou ongäer op äeren geschätzten Humor verzichte wëllt an et ustrengend fannd, ëmmer nees politesch Korrekt mussen ze sinn: schummt iech!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert