Bekanntmaachung an eegener Saach…

Bekanntmaachung an eegener Saach…

Ech sinn elo zënter 5 Joer aktive Member bei Rosa Lëtzebuerg a.s.b.l., an och bal esou laang Member vom Conseil d’Administration. Säit elo 2 Joer sinn ech Generalsekretär vun deem Veräin, deen net nëmmen d’Gestioun vum Informatiounszenter CIGALE mécht, mee sech gläichzäiteg fir d’Belange vun LGBT-Leit zu Lëtzebuerg asetzt an awer och op sozio-kulturellem Plang sou munch flotte Projet organiséiert. Welch Projeten bei Rosa Lëtzebuerg grad op der Dagesuerdnung stinn, hänkt vun der Joerszäit of. Sou hu mer all Joers de Gaymat-Festival, deen e gutt dräivéierels Joer am Virraus geplankt gëtt, an wat mer méi no un de Juli rukommen, wat den Aarbechtsopwand sech méi intensivéiert. Et hänkt awer natierlech och ganz staark vun der Dagesaktualitéit of. Sou hate mer an de leschte Woche vill Aarbecht mat der Opkläerung vun der Mënscherechtssituatioun a Russland, dëst hisiichtlech den Olympeschen Wanterspiller zu Sotschi. Hei hunn ech mech als Generalsekretär vill abruecht a war dofir och déi eng oder aner Kéier ëm en Interview gebiede ginn.

Parallel sinn ech awer och zënter 2011 bei der Piratepartei Member vum Parteipräsidium an zënter dem leschten uerdentlechen Kongress Generalsekretär. Wéi mëttlerweil bekannt ass, dierf ech, zesummen mat 5 aneren motivéierten an engagéierten Kolleegen, d’Piraten an d’Walen ëm d’Neibesetzung vum Europäeschen Parlament féieren.

Den Ament hunn ech also zwee mol dat selwescht Mandat an zwou verschiddenen, opmannst zum Deel politeschen Organisatiounen, béides selbstverständlech op bénévoler Basis. Dëst ass fir mech eng onglécklech Situatioun. Och wann ech beméiht sinn, d’Aarbecht fir béid Organisatiounen net ze vermëschen, sou fällt op, datt déi Trennung an der ëffentlecher Wahrnehmung net ëmmer esou evident ass. Aus dësem Grond wollt ech net méi fir d’Amt vum Generalsekretär bei der nächster Assemblée générale vu Rosa Lëtzebuerg untrieden.

Well dës Generalversammlung elo awer net méi um Joeresufank kann ofgehale ginn, mee virraussiichtlech réicht am Abrëll resp. Mee, wëll ech de Poste vum Generalsekretär, grad elo während der Phase vum (Vir-)Walkampf, zur Verfügung stellen. Ech wäert hei och opmannst fir d’Dauer vum EP-Walkampf eng Paus bei der méi politescher Aarbecht vu Rosa Lëtzebuerg huelen, vu datt déi sech an den nächste Wochen och verstäerkt op d’EP-Walen konzentréiere wäert an ech op deem wichtegen Dossier weder eng Beaflossung duerch mech nach e Virdeel dovunner als Pirat wëll hunn.