Wat verschidde Parteien hir eege Accorde wäert sinn…

Wat verschidde Parteien hir eege Accorde wäert sinn…

Den 14. Mäerz 2014 krut d’Piratepartei souwéi siwen aner Parteien eng eMail aus dem Generalsekretariat vun der LSAP mat enger PDF als Attachment. D’Absenderin hat hei de Walkampfaccord geschéckt, mat der Invitatioun, sech dem Accord unzeschléissen, dëst dann awer sou séier wéi méiglech ze kommunizéieren. D’feierlech Präsentatioun mat fir d’Kameraen schéin inzenéierter Signatur war 4 Deeg méi spéit an der Chamber geplangt.

Datt dësen Accord vun nëmme verschidde Parteien exklusiv ënnert sech ausgehandelt gouf, dierft mëttlerweil bekannt sinn. Sou waren, mengen Informatiounen no, nierwt der Piratepartei weder déi Lénk nach d’PID invitéiert, fir am Virfeld zesummen mat den Initiatoren iwwert d’Ausgesinn vum Accord ze verhandelen. Ech ginn dovunner aus, datt och d’KPL keng Invitatioun krut. Et ass och kee Geheimnis, datt d’Pirate sech dësem Ofkommes net ugeschloss hunn. Dëst net aus schlechtem Wëllen. Zum enge kritiséiere mir hei d’Virgoen, also d’Ausschléisse vu verschidde Parteie bei de Präparatiounsgespréicher, zum anere waren d’Beschränkungen, déi sech déi grouss an agesiesse Parteien operluecht haten fir sech selwer eng reng Käschtebrems, fir kleng Parteien awer eng enorm Aschränkung an hire souwisou scho knappe Méiglechkeeten.

Am Punkt vun der Walkampfkäschtebegrenzung beispillsweis, verpflichten sech d’Parteien, e Budget vun 65.000 Euro fir Print-Werbung, zousätzlech Reklammen am Fernseh- a Radio souwéi op Websäiten net ze iwwerschreiden. No engem Gesamtbudget vu 25.000 Euro bei de Chamberwalen vun virun mëttlerweil 7 Méint, ass esou eng Zomm fir eng Partei, déi exklusiv vu Spenden a Cotisatiounen liewt a kee Cent vun der staatlecher Parteiefinanzéierung kritt, natierlech utopesch. Eisen Europawalkampf wäerte mir mat knappen 15.000 Euro stemmen.
Eng weider Beschränkung war d’Unzuel vun de Werbeflächen. LSAP, Déi Gréng, DP, CSV an ADR verpflichten sech, net méi wéi 100 Groussflächen souwéi 200 Daachstänner duerch d’Landschaft opzestellen. Mol ganz dovunner ofgesinn, datt et wuel kaum ee gëtt, dee queesch duerch d’Land fiert, fir d’Flächen ze zielen, ass dat awer nach eng zimlech héich Zuel, déi kleng Parteien sécherlech ni iwwerschreide kënnen.

D’Parteie hu sech am Accord op de 5. Mee als Start vun hire Walkampagnen geeenegt. Déi grad genannte Werbeflächen dierfen se ab dem 2. Mee opriichte goen. Sou bedauerlech et och ass, datt LSAP, Déi Gréng, DP, CSV an ADR just knapp 3 Wochen iwwert Europa schwätze wëllen, kann eng kleng Partei et sech net erlaben, réicht an deene leschten dräi Wochen déi logistesch Erausfuerderungen unzegoen. Et mussen Werbefläche organiséiert, bepaapt an transportéiert souwéi Zeitungen a Flyere verdeelt ginn. Et stinn Table ronden un. Bis op 5, 6 Ausnahmen wäerten d’Gemengen hir Plakatpanneauen och eréicht an deene leschten 3 Wochen opstellen, wann se der iwwerhapt opstellen. Fir donierft nach an e konstruktiven Dialog mam Bierger ze trieden ass dann quasi net méi méiglech.

Fir dann erëm op den Accord zréckzekommen, sou wëllen sech déi grouss Parteien dann maximal 2 national „Toutes-boîtes“, also de Versand vu Publikatiounen un all Haushalt am Land, während der offizielle Walkampfphas erlaben. Och hei brauch d’Piratepartei näischt ze verspriechen, well bei eis ginn all d’Publikatiounen selwer duerch eis Memberen ausgedeelt, an dat leider nach laang net flächendeckend duerch d’ganzt Land.

Mir hunn haut elo den 30. Abrëll. Eppes méi wéi e Mount no der Signatur, kënne mer haut kucken, wéivill de Parteie hiren Accord nach wäert ass: zënter e Sonndeg fënnt een op verschidde Plazen laanscht d’Stroossen Daachstänner vun der CSV an zënter de Moien steet zu Bartreng an engem Rondpoint eng Groussfläch vun der DP. Gesponsort Reklammen huet een op de Soziale Netzwierker scho viru Woche gesinn, an d’LSAP-Kandidate fueren an hirem Kampagne-Tourbus duerch d’Land vun Dëppefest zu Dëppesfest.

Wat de Piraten dann och tatsächlech wéi gedoen hätt, ass de fräiwëllege Verzicht op déi sougenannt Hohlkammerplakater. Dëst ass e relativt bëllege Werbemëttel, deen sech an enger héiger Zuel uschafe a mat relativ wéinegen Ustrengend verdeele léisst. Fir d’Piraten hätt eng Ënnerschrëft ënnert dësen Accord also quasi de Verzicht vun der eenzeger Méiglechkeet vu Reklamm bedeit. Datt déi aner Ënnerzeechner och drop verzichten tréischt hei wéineg, vu datt dës d’Daachstänner a Groussflächen an de vergaangene Joeren mat der staatlecher Ënnerstëtzung uschaafe konnten an laagere konnten. Datt d’Piraten herno dunn awer onfräiwëlleg zum Verzicht vun dësem Werbemëttel gezwonge gouf, ass och bekannt. A leider ass den zoustännege a soss virun allem op Twitter sou gespréichege Minister Bausch bis haut nach eng Erklärung schëlleg, wisou dëst Verbued besteet.

Wat ass de Fazit vum Walkampfaccord? Zum enge wëll keen iwwert Europa schwätzen, dofir hunn déi grouss Parteien de Walkampf op just 3 Wochen begrenzt. Dann sollt de Walkampf fir si bëlleg ginn. Fir datt se ënnert sech, budgetsméisseg, en ähnlech deiere Walkampf féieren, hu se festgehalen, wat maximal dierf ausginn. Ech fannen et awer schäbeg, en Accord auszehandelen, d’Press ze ruffen, an sech dann awer net un d’Verspriechen ze halen.Nach méi bedenklech ass et awer, wann aner Parteien dann zum Anhale vun Deeler aus dem Accord duerch onduerchsiichteg Restriktioune vu Ministeren gezwonge ginn.

Egal, mir freeen eis elo awer op spannend dräi Wochen an iwwert eng konstruktiv Diskussioun ëm Europa.

2 Replies to “Wat verschidde Parteien hir eege Accorde wäert sinn…”

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.