Firwat e Sonndeg d’Pirate wielen?

Firwat e Sonndeg d’Pirate wielen?

Jojo, zouginn, fir e lëtzebuergeschen Deputéierten an d’Europaparlament schécken ze kënnen, brauche mer ronn 14% vun de Stëmmen, wat grad fir eng nei a virun allem méi kleng Partei wahnsinneg schwiereg ass. Mir schléissen also e lëtzebuergescht Pirate-Mandat aus. An awer ass eng Stëmm fir d’Piratepartei keng verluere Stëmm!

Mir trieden dës Kéier fir d’zweet bei Walen un. Nodeems mer am Oktober bal ronn 3% vun de Stëmme kruten, hu mir ville Leit bewisen, datt et tatsächlech e Grond gëtt, wisou esou vill Leit eis hir Stëmm ginn hunn. Eis Käerthemen sinn Transparenz vum Staatswiesen, eng Demokratiséierung vu staatlechen Institutiounen, méi Biergerbedeelegung an e radikalen Ofbau vun diskriminéiernd Bestëmmungen. Ween awer mengt, datt dat national Fuerderunge sinn, deen iert!

D’Pirate verstinn sech, wéi soss keng aner Partei, als eng international Beweegung. Enstanen aus engem Mouvement eraus, dee sech am Ufank mat Netzpolitik, Copyrightreform an ähnleches beschäftegt huet, wësse mir méi wéi anerer d’Virdeeler vun de modernen Technologien ze schätzen. Mam Internet, enger Technik déi d’Kommunikatioun weltwäit revolutionéiert huet, ass eis Welt méi zesummegewuess. Grenze si just nach historesch Linnen, Staaten kënschtlech Konstrukter.

D‘europäesch Integratioun, e Projet deen op enger wirtschaftlecher Gemeinschaft mat selbstverständlech och sécherheetspoliteschen Hannergedanke fousst an deen no an no zu enger politescher Unioun ginn ass, ass mat eng vun de bedeitensten Evenementer an der Geschicht vum Kontinent. Während elo a ville Länner ëmmer méi europaskeptesch Stëmmen hoart ginn, stinn d’Piraten  uechtert Europa hannert dësem groussartege Projet.

Selbstverständlech muss een och vill vun de Kritike héieren a verstoen. Historesch gewuess, enstanen duerch Kompromësser tëscht den Nationalstaaten, hu mir haut e bürokratesch Monster „Bréissel“ geziicht. Mir trieden dofir dëse Sonndeg un, fir grondleeend Reformen ze fuerderen. Mir stinn an fir e staarkt EU-Parlament, dat ë.a. d’Initiativrecht muss kréien, d’Méiglechkeet also, selwer Gesetzesproposen ze maachen. Mir wëlle gäer eng demokratesch gewielte Kommissioun, déi an noer Zukunft ënnert dem Zil vun engem föderalen Europa zu enger Regierung ënnert der stänneger Kontroll vum Parlament ausgebaut soll ginn. Kommissaren musse gewielt an net vu Regierungen bestëmmt ginn. De Kandidat fir de Kommissiounspräsident muss an all Land um Walziedel stoen. Weder d’Kommissioun nach aner Institutiounen dierfen jeemols nach eng Kéier e Blankoscheck kréien, fir hannert zouenen Diren Vertreeg mat anere Staaten auszehandlen. Biergerbedeelegung muss ëmmer méiglech sinn a soll Alldag ginn!

Fir dem Usproch vun enger fairer, biergernoer an demokratescher Unioun gerecht ze ginn, wëlle mer Biergerbedeelegung zu all Ament méiglech maachen. D’europäesch Biergerinitiativ muss also konsequent ausgebaut ginn. Fir datt dëst iwwerhapt klappe kann, mussen d’Bierger informéiert ginn. All d’Dokumenter mussen ëffentlech zougänglech sinn, soufern se net d’Recht op Privatsphär vun Eenzelnen betreffen. Mir brauchen eng staark Stëmm fir Europa an der Welt, dofir wëlle mer aus dem europäeschen Baussebeoptragten e richtegen europäeschen Ausseminister maachen.
Mat enger gesamteuropäescher Truppestäerk vun 2,2 Millioune Mann, déi net nëmmen ënnerscheedlech ausgebild sinn mee och dat ënnerscheedlechst Material benotzen, si mir mat groussem Ofstand déi stäerkste Sträitkraaft op der Äerd. Wëlle mer dat? Mir si fir eng Fusioun vun den eenzelnen Arméien souwéi enger Vereenheetlechung vu Material an Ausbildung. Duerch eng zentral Koordinatioun léisst sech vill Material a Budget aspueren.

Zum Schluss verdeedege mir d’Grondrechter, déi fir all Bierger gëlle muss! All Mënsch ass d’selwecht vill wäert an muss déi selwecht Chancen hunn, onofhängeg wou e wunnt! Mir sollten ophalen, an eisem nationale Klein-Klein ze denken an eis als Europäer spieren an d’Virdeeler vun eiser Unioun endlech schätze léieren.

Firwat also elo d’Pirate wielen? Ma fir allen ze weisen, datt et Leit zu Lëtzebuerg an an aner Länner gëtt, déi fir e progressivt Europa sinn. Och wa mir dës Kéier keen Deputéiertenmandat kréien, sou ginn et an aner Länner awer e puer Mandater. Zesumme mat deenen kënne mir awer nach vill erreechen! Fir ze weisen, datt méi Demokratie an Transparenz net nëmmen méiglech mee och gewollt gëtt. An mat vill Chance mierken aner Parteien och, datt et Leit ginn, déi eis Visioun deelen an inspiréieren sech un deenen Iddien!