Haut gëtt lëtzebueresch LGBT-Geschicht geschriwen!

Haut gëtt lëtzebueresch LGBT-Geschicht geschriwen!

Haut gëtt an der Chamber d’Gesetzesreform vum Bestietnes- an Adoptiounsrecht gestëmmt. Datt dësen Dag e Meilesteen an der lëtzebuergescher LGBT-Geschicht ass, dierft wuel méi wéi kloer sinn. Grond fir mech, déi lescht Joeren nach eng Kéier Revue passéieren ze loossen.

Am September sinn et 7 Joer hir, datt de Laurent Boquet an ech zesummen d’Initiativ „…och fir eis!“ gegrënnt hunn. Ab dësem Zäitpunkt huet also mäi politescht Engagement ugefaangen. Well zu dësem Zäitpunkt d’Debatt ëm d’Opmaache vum Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppelen zënter laangem verstommt war, hu mir decidéiert, aktiv ze ginn. Duerch eng Rëtsch Aktiounen, wéi zum Beispill Info-Stänn an der Stad an zu Esch hu mir Ënnerschrëfte gesammelt, mam Zil, déi politesch Responsabel dozou ze bréngen, sech dësem Thema nees unzehuelen.

No enger Zäitche krute mir do d’Ënnerstëtzung vu Rosa Lëtzebuerg, nodeems den deemolege Comité bis dohinner eng méi zréckhalend Ëffentlechkeetsaarbecht virgezunn hat. D’Konsequenz aus enger Zesummenaarbecht war dunn de Gaymat 2009, deen ënnert dem Titel „Gaymat, och fir eis!“ stattfonnt huet. Ë. a. duerch d’Ëffentlechkeetsaarbecht vun …och fir eis! a Rosa Lëtzebuerg ass d’Thema ëm d’Bestietnes ee méi grousse Punkt am Walkampf 2009 gewierscht.

No de Walen, aus deenen eng Neioplag vun enger CSV-LSAP-Leeschtung ervirgaangen ass, hu sech dës Parteien d’ambitionéiert Zil gesat, d’Reform vum Bestietnesrecht, deemols nach ouni eng direkt drugekoppelt Adoptiounsreform, bis Enn vun der Legislatiounsperiod duerchzesetzen. An der Folleg huet de François Biltgen en éischte Gesetzesprojet preparéiert.

Als Reaktioun op d’Petitioun, déi mer am Februar 2010 dem deemolege Chamberspresident Laurent Mosar iwwergin haten, goufen d’Partnerorganisatiounen „…och fir eis!“, Rosa Lëtzebuerg an d’Chamberskommissioun invitéiert, nodeems mir zesumme mat TGL en Avis zum Gesetzesprojet ausgeschafft hunn. Eng Entrevue tëscht Vertrieder vu Rosa Lëtzebuerg an TGL mam Justizminister Biltgen huet sech deem ugeschloss. Weider Konsequenzen aus dësem Treffen waren awer net de Fall. Den deemolege Justizminister ass bei sengem Projet bliwwen, mat deem en d’Bestietnes wuel opmaache wollt, d’Adoptioun awer getrennt behandlen an hei och just d’Adoption simple reforméiere wollt.

Während e puer Joer huet een dann net méi vill vun deem Gesetzesprojet héieren. Et koum en Avis zum Staatsrot, da vum Ombudscomitée fir d’Rechter vum Kand. E bedeitende Schrëtt war dann de Virstouss vum Biltgen senger Nofolgerin um Stull vum Justizministère, dem Ocatie Modert.  Dëst huet eng ganz Rei Leit iwwerrascht. E Gesamtpackage aus Reform vum Bestietnes an d’Méiglechmaache vun Adoption simple an Adoption pléniere fir gläichgeschlecht Koppelen war elo am Gespréich… a wier villäicht am Ament scho gestëmmt, wann et net Neiwalen dotëscht komm wieren.

Déi nei Regierung huet dëse Projet dann an d’juristesch Chamberskommission bruecht, wou dëse virun dräi Wochen ugeholl gouf. Ab dem Mëtteg, dierft Lëtzebuerg dat 10. Land an der EU sinn, an deem beim Bestietnes- an Adoptiounsrecht keng Ongläichbehandlung tëscht Heterosexuellen an LGBT-Koppelen méi besteet.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.