Byebye Onscholdsvermutung?

Byebye Onscholdsvermutung?

An de leschte Wochen hu sech vereenzelt Membere vun déi Gréng mat Onversteesdemech doriwwer geäussert, datt Bierger sech nach kuerz virum Vote  vun engem Gesetzestext abrénge wëllen[1] an elo, wou een dat virum Virstelle vum Text maache wëll, ass et och net gutt.

Konkret geet et hei also em d’Annonce vum Nohaltegkeetsministère, e Gesetzestext auszeschaffen, mat deem ee sech d’Méiglechkeet gëtt, fir engersäits fix an anerwärts mobil Radarsanlagen anzesetzen souwéi bestëmmten Streckenofschnëtter mat der sougenannter „Section Control“ ze iwwerwaachen. Besonnesch de leschte Punkt hu mir als Pirate kritiséiert. Och wa Radaren net onbedéngt d’Allheilmëttel schlechthin sinn, sou droën dës sécherlech zu enger Berouegeung vu geféierleche Plaze bäi. Et muss een awer mam Fakt liewen, datt bei Verschiddenen eng méi héich Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vir an no de Radarstanduerter antriede kann. Dëst Phänomen kenne mer jo schon bei den Iwwerwaachungskameraen op den ëffentleche Plazen an der Stad, wou sech d’Geschéien op d’netiwwerwaachte Plazen an der Noperschaft verlagert huet.

Wat ganz einfach falsch ass, ass de Verglach vum Här Bausch, deen d’Section Control als eng Zort automatiséierte Polizist duerstellt. Fir de Prinzip vun der automatiséierter Streckeniwwerwaachung ze erkläeren, muss een et sech esou virstellen: op enger bestëmmter Streck ginn zwou Kameraen installéiert. Wann en Auto, Camion o.ä. elo an dëse Beräich erafiert, gëtt eng Foto gemaach, ganz egal op en dat ze séier oder mat ugemiessener Geschwëndegkeet gemaach huet. Op dëser Foto ass dann d’Nummereschëld souwéi de Fuerer ze erkennen. Um Enn vun deem Abschnitt gëtt dann nach eng Foto geholl. Dono gëtt den Zäitënnerscheet berechent, deen de Fuerer vun der éischter bis zur zweeter Foto gebraucht huet. Ass déi iwwert dem erlabten Duerchschnëtt, sou ginn d’Fotoen strofrechtlech relevant an un déi entspriechend Instanzen virugeleet. Am Fall wou een awer mat der erlabter Zäit doduerch gefuer ass, sollen déi Fotoen nees geläscht ginn. Wéi dës Läschung ausgesäit (spréch wéi definitv an a welchem Zäitraum) ass bis zum jetzegen Zäitpunkt nach net gewosst. Éier se geläscht gëtt, muss se awer onweigerlech op opmannst engem Rechner stockéiert ginn, fir déi Analys iwwerhapt maachen ze kënnen.

De Problem bei dësem Virgang ass ganz einfach deen, datt jiddwer Automobilist schon direkt ënner Verdacht steet, e potenziele Raser ze sinn. Jiddwereen, deen an dësen Streckenabschnëtt erafiert, gëtt fotograféiert. Och wann d’lëtzebuergesch Dateschutzkommissioun an dësem System keng Bedenken umellt, sou kann een als Mënsch, deem de Schutz vun de Perséinlechkeetsrechter vu jiddwer Eenzelnem um Häerz läit, nëmme géint dës Methoud sinn. Et kann net sinn, datt jiddwereen direkt emol ënner Generalverdacht gestallt a réicht no enger systematescher Kontroll d’Onschold bewise gëtt. Gëtt dësen Agrëff an d’Perséinlechkeetsrechter fir vertrietbar gehalen, ass et sécherlech nëmmen eng Fro vun der Zäit, wéini mer iwwert d’Fro diskutéieren, op mat dësen Anlagen och kontrolléiert dierf ginn, op e Gefier korrekt ugemellt ass etc.

Ganz onpassend an enttäuschend fannen ech niewebäi och, datt de Pirate virgeworf gëtt, e wichtegt a sensibelt Thema ze benotzen, fir d’Sécherheet géint Dateschtuz auszespillen.
No dëser Formuléierung beschläicht een de Verdacht, datt et ëmgedréint ass: mat Totschlag-Argumenter gëtt versicht, de gliesene Bierger Stéck fir Stéck duerchzesetzen, nom Prinzip „der Zweck heiligt die Mittel“. An dat vun enger Partei, déi direkt d’Vorratsdatespäicherung ofsetzen, Datespuersamkeet duerchsetzen a sech fir méi Schutz vun de Perséinlechkeetsrechter asetze wollt, soubal se Regierungsverantwortung huet. D’Piraten hu ni gesot, datt eis d’Stroossesécherheet net wichteg wier, mir plädéiere dofir fir méi Policepräsenz um Terrain.

[1] http://manuelhuss.wordpress.com/2014/07/26/petitioune-laanscht-dorganiseiert-zivilgesellschaft/

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.