Mäi Plädoyer fir eng europäesch Republik

Mäi Plädoyer fir eng europäesch Republik

No e puer Diskussiounsowender während deene leschte Méint, hunn ech aus de Conclusiounen d’Kapitel „Europa“ fir de Walprogramm geschriwwen, méi genee de Schwéierpunkt „Republik Europa“. Well zwee Punkten um Kongress sonner an ouni erklärend Einleitung zur Ofstëmmung stoungen, hunn ech dëse Plädoyer als Virstellung vum Untrag virgedroen.


Wéi ech als klenge Bouw just geléiert hunn, ze laafen, hu mir zu däer Zäit nach an engem Haus un der Grenz zu Frankräich gewunnt. Et wart een däer Haiser an mat däer typeschen 80er-Joeren-Fassade, brongelzech a kanschteg vum villen Transitverkéier.

Lénks war en Haus ugebaut, dat déi selwescht grujjeleg Fassade hat, riets war et fräi. Do war e Parking an op deem selweschten Terrain e klengt Douanceshaischen. Hei sinn daagdeeglech Autoen a Camionen kontrolléiert ginn, déi iwwert d’Grenz an de Grand-Duché wollte kommen. Als klengen Debbes war et schwéier verständlech, datt een als Foussgänger oder Autofuerer net ouni weideres op déi aner Säit huet dierfe goen, während ech awer allzedack beim Spillen mol eng Kéier um lëtzebuergeschen Gebitt, mol eng Kéier op der franséischer Säit vun der Wiss hannert dem Douaneshaischen gespillt hunn. Kuerz drop sinn d’Bannegrenzen am sougenannte Schengeraum gefall.

D’Opmaache vun de Bannegrenzen ass eng vun de wichtegsten Erungeschaften an der Geschicht vun eisem Kontinent. Zënter deem kënne mir ouni weideres op Tréier akaafe goen, zu Paräis e romantesche Weekend verbréngen oder op Lissabon d’Finale vum Eurovision Song Contest kucke goen.

2002 koum dann och den Euro. Nodeems mer e gemeinsamen Wirtschaftsraum an e fräie Persouneverkéier hunn, hunn déi meescht EU-Memberstaaten elo och nach eng gemeinsam Währung!

Ma d’Iddie vun den Archtitekten vun der EU waren net nëmmen eng Wirtschafts- mee och eng politesch Unioun ze erschaafen. No iwwert engem hallwe Joerhonnert Fridden si mir haut, am Joer 2018 zu 28 Memberstaaten an enger EU, déi sech ëm d’Wuel vun iwwer 500 Millioune Mënsche këmmere soll. Den europäesche Bannemaart ass de gréisste gemeinsamen Wirtschaftsraum op der Welt. Während méi ewéi 20 Joer ass elo un der europäescher Integratioun geschafft ginn.

Allerdéngs, bei allem Pathos, musse mer och erkennen wou d’Konstruktiounsfehler vun dëser EU sinn a wou d’Problemer an der Zukunft leien. Amplaz d’Integratioun virunzedreiwen, befanne mir eis an enger Phase vun der Stagnatioun.

Duerch Gebuertsfehler, ewéi beispillsweis dem europäesche Rot, deen u sech vill ze dack d’Entscheedungen am Sënn vun ALLEN EU-Bierger wéint nationalen Interessien ausbremst, si mir an enger Situatioun, wou Europakritiker alles a Fro stellen. Déi aktuell Politik wees net, wéi se mat der Stëmmung ëmgoe soll, well se d’Bürokratiemonster „Bréissel“ all ze dack selwer gutt als Sënnebock gebrauche kënnen. Et mierkt een, wéi lues a lues de Begrëff Heemecht erëm méi populär gëtt a wéi Länner sech ofschotten. Donierwt feelt dem Europäesche Parlament an der Kommissioun déi Pouvoiren, déi se eigentlech sollten hunn. De Bierger kritt kaum eppes vun der Europapolitik mat, et sierf dann, et ass eppes, wou ee sech driwwer opreege kann.

Op der anerer Säit: D‘Déngschtleeschtungen, Gidder a Kapital an der EU si virum Recht gläich, awer déi politesch Subjekter, also mir Bierger, verharren an nationalen Rechtscontainer: mir wielen net nom selweschte Prinzip d’Europäescht Parlament, d’Bierger an Europa wielen net zesummen de President vun der Kommissioun, mir bezuelen net déi selwescht Steieren a mir hu net déi selwescht sozial Rechter. No der Logik: „Eng gemeinsam Währung, eng gemeinsam IBAN-Nummer“ misst elo d’Zäit vun der „enger gemeinsamer Sozialversécherungsnummer“ kommen. Fir jiddwer Bierger, egal wou en an Europa wunnt.

Mir alleguer mierken, datt mer an ëmmer méi onberechenbaren Zäite liewen. Op der enger Säit en US-Präsident, deen Rakéitenugrëffer per Twitter ukënnegt, op der anerer Säit Russland, déi sech an hirem Deel vun der Äerd ariichten a gläichzäiteg duerch Wal-Manipulatioun an Annektiounen d’Weltgeschéien aus dem Gläichgewiicht bréngen. Dotëscht autokratesch Regimer an an an.

Wat hu mir als 28 Memberstaaten deem entgéint ze stellen? Mir hunn eng souzesoen „Europäesch Ausseministesch“, déi awer stänneg a Konkurenz zu 28 aneren Ausseministeren steet, déi hirersäits dack net der selweschter Meenung sinn. Dëst natierlech well jiddwereen seng eegen national Interessien ze vertrieden huet. Mir hunn 28 verschidden Arméien, 28 ënnerscheedlech Militärbudgeten, 28 Finanzminister*innen, 28 Gesondheetsminister*innen an esou weider.

Et ass un der Zäit, dat alles ze bündelen. Eng Europäesch Arméi giff ënnert dem Stréch méi bëlleg ginn a brauch laang net esou grouss ze sinn ewéi den aktuellen Effectif vun den 28 Arméien. Den europäesch Verkéiersréseauxen giff ënnert dem Stréch méi bëlleg ginn, d’Stëmm vun Europa an der Welt giff méi Gewiicht kréien. Et gi vill Virdeeler!

Ech sinn der Meenung, datt grad elo d’Zäit ass, fir den nächste Schrëtt ze goen. Et muss ee wierklech kee Fan vum franséische Präsident Macron sinn, mee hien huet et fäerdeg bruecht, mat munche vun dësen Iddien sech un Europa ze adresséieren, wéi e  virun der Sorbonne am September 2017 geschwoart huet. Vill vun den Thesen aus mengen Untreeg huet en och a senger Ried virum europäesche Parlament virun engem Mount ugeschnidden. Elo ass et un der Zäit, fir en gemeinsamt Europa opzebauen! Elo ass et un der Zäit fir dës Themen endlech emol op der Place publique ze diskutéieren!

Ech si mir bewosst, datt meng Untreeg ze kleng sinn, fir déi héichkomplex Thematik gerecht erëmzeginn. Et geet mir vill méi drëms, elo scho Positioun ze bezéien. Ma dës Iddien sinn och net nei. Virdenker ewéi den Jürgen Habermas, d’Ulrike Guérot oder den Robert Menasse fuerschen an/oder schreiwe scho méi laang iwwert d’Thema vun der Republik Europa.

Ma wisou iwwerhaapt eng Republik? Wann mer Europa virun denke wëllen, muss mer kucken, wat dat bescht fir Europa wier. Wëlle mer en Europa nom Prinzip vun den vereenegte Staaten vun Amerika? Wou aus den 28, oder geschwënn 27 Memberstaaten dann Bundesstaate ginn? Ma wat giff dat an der Konsequenz bedeiten? Ënnerscheedlech grouss Entitéiten, mat engem Bundesstaat Däitschland dat bal alleng schon e 5tel vun den Europäer ausmecht? Wee kéint et den däitschen verdenken, datt si als gréissten Entitéit net och méi Pouvoir sollten hunn ewéi déi kleng Lëtzebuerger?

D’Ulrike Guérot, hireszeechens Politikwëssenschaftlerin an ehemoleg Beroderin vum deemolegen EU-Kommissiounspräsident Jacques Delors, plädéiert fir en Europa vun den Regiounen. Wisou Regiounen? Studien hu gewisen, datt wann d’Leit vun „Heemecht“ schwätzen, si der Meenung sinn, datt se vun hirem Heemechtsland schwätzen. A Wouerecht, wann een hir Äntwerten analyséiert, mengen se awer tatsächlech hiren Heemechtsuert. De gréissten Terain, deen eng grouss Majoritéit vu Leit als Heemecht emotional beschreiwe kann, wier d’Regioun, aus däer se kommen, an däer se en ähnlechen Dialekt schwätzen, an däer et Gemeinsamkeiten mat aneren Bewunner gëtt.

Ech weess, wisou genee dëst 2 Untreeg als eenzeg haut hei zur separaten Ofstëmmung gestallt goufen: de Sven Clement huet mir an eisem Gespréich bei mengen Argumenter fir d’Republik Europa op alle Punkte Recht ginn. Säin eenzege Problem mat der Iddi, sot en mer, wier emotionaler Natur. An ech kann och novollzéien, datt et net einfach wäert sinn, de Leit kloer ze maachen, datt et an enger Republik Europa kee Land „Lëtzebuerg“ oder „Finnland“ wäert ginn. Ma an der Realitéit verléiert awer guer keen eppes. Den Sënn vun engem Europa vun de Regiounen, ass, datt d’Regiounen gestäerkt ginn, déi kulturell Vielfalt geschützt gëtt an d’Staatengebilde esou vill méi einfach ze administréieren ass.

Europa ass iwwert d’Joerhonnerten kënschtlesch gewuess. No Kricher goufen d’Grenzen ëmmer jeweils nei gezunn. Wann een freet, wat en Bayer mat engem Hamburger gemeinsam hätt, oder en Katalan mat engem aus Madrid, dann sinn d’Ënnerscheeder, op empfond oder real, dack esou grouss ewéi tëscht Portugiesen an Letten.

Déi wirtschaftlech Leeschtungsfähegkeet orientéiert sech och längst net méi un den nationalen Grenzen. Bayern, als däitsche Musterschüler, dréit beispillsweis finanziell dozou bäi, dat méi schwaacht Nordrhein-Westfalen ze stäerken. Engem an Mecklenburg-Vorpommern geet et ökonomesch méi schlecht ewéi engem aus München. Et sinn also d‘Regiounen, déi entweder wirtschaftlech méi oder eben manner staark sinn. An do muss ee usetzen, wann ee wëll, datt et jiddwerengem gutt geet.

Si mir dach éierlech: Bei engem Suprastaat „Europa“ verléieren d’Memberstaaten hir national Souveränitéit, egal fir welchen Modell mir eis entscheeden. An genee dëse Schrëtt muss onweigerlech kommen, wann Europa an Zukunft méi efficace a méi séier Léisungen fir déi drängend Zukunftsfroen fanne wëll. Mir sollen dofir elo dee Wee wielen, deen am nohaltegsten an natierlech am Sënn vun allen Europäer ass.

Ech entscheede mech fir d’normativ Eenheet bei kultureller Diversitéit. En Europa vun den Regiounen bedeit, d’Diversitéit, also d’Kulturen an de Regiounen ze erhaalen, grad dat wat de Leit mat am Wichtegsten ass, an dobäi jiddwerengem a ganz Europa déi selwescht Chancen a Rechter ze ginn.

Zum Schluss vu mengem Plädoyer wëll ech nach eng Kéier drop hiweisen, datt dësen Untrag net alleng op menger Mëscht gewuess ass. Mir hunn zu e puer, ewéi gesot, an eisen ëffentlechen Aarbechtsgruppen doriwwer geschwoart.

Et gi Politikwëssenschaftler, déi säit Joerzéngten Bicher iwwert d’Zukunft vun Europa schreiwen. D‘Bündnis 90/die Grünen schaffe grad mam Ulrike Guérot
an un deem Sujet fir d’Europawalen d’nächst Joer.
Eis Schwësterpartei, déi däitsch Piratenpartei haten eng ganz ähnlech Positioun schon an hirem Walprogramm fir d’Bundestagswahlen d’leschter Joer!

Ech sinn 2011 Member bei de Piraten ginn, well ech vun enger staarker, flotter a progressiver Zukunft dreemen. Dës Iddi kënnt fir mech am nosten dorunner, wat d’Piratepartebeweegung ausdréckt. Keen Nationalismus méi, keng Grenzen méi, déi selwescht Rechter a Chancen fir jiddwereen!

Ech wëll dofir, datt mir dat Thema hei Heem zu Lëtzebeurg als éischte besetzen! An ech wëll och net, datt eise Programm manner progressiv ass ewéi dee vun eisen däitschen Noperen oder esou guer vun den Grünen.

D’Piraten sinn iwwerzeegten Europäer, loosst eis dat och kloer soen!

Andy Maar
7. Mee 2018
Virstellung vum Untrag „Republik Europa“

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.