Eng besser Mobilitéit am Norden

Eng besser Mobilitéit am Norden

De flächeméisseg gréisste Bezierk hinkt a Saachen Transport dem Recht vum Land hannendrun. Et huet een d’Gefill, datt fir d’Politik den Norden hannert Ettelbréck ophält.

Och wann an de leschte 15 Joer déi politesch Verantwortlech eng gewëssen Dezentraliséierung ugekënnegt hunn, stelle mir haut fest, datt dës Beméiungen kaum substanziell Erfollger bruecht huet. D’Realitéit zu Lëtzebuerg gesäit nach ëmmer esou aus, datt vill Aarbechtsplazen an der südlecher Halschent vum Land ze fanne sinn, wärend d’Uertschaften am Norden ëmmer méi zu „Schlofgemengen“ an d’Leit domadder zu Pendler ginn.

Ëmmerhinn loossen sech elo laanscht de wichtegste Verkéiersachsen, zum Beispill der N7, eng Rëtsch Betriber nidder, sou datt an den nächste Méint a Joren zum Pendlerverkéier mat engem Zouhuele vum Gidderverkéier gerechent muss ginn. Déi rezent Ukënnegunge vum Nohaltegkeetsminister Bausch weisen allerdéngs, datt d’Pläng fir den Norden deem net ugemiesse Rechnung droen. Ganz am Géigendeel!

Et ass bekannt, datt d’A7 hanner Ettelbréck, also dem Ufank vum „Norden“, ophält. Amplaz datt elo endlech d’A7 konsequent no an no bis an d’Nordspëtzt ausgebaut gëtt, gëtt se demnächst suguer entschleunegt. Dat andeems d’Geschwindegkeetslimit op maximal just nach 90km/h erofgesat gëtt.

Dëst geet zu Laaschte vun der Liewensqualitéit vun den Awunner am Norden, ma mécht awer och d’Nordspëtzt zu engem gewëssen Deel manner attraktiv fir eng weider Entwécklung. Och geschäftlechen Aktivitéiten, déi Aarbechtsplaze schafe sollen, riskéieren ausgebremst ze ginn. D’Weeër ginn de fakto erëm méi laang doduerch datt ee méi laang ënnerwee ass.

Wärend den Nohaltegkeetsminister nieft de Käschte virun allem eng laang Planungs- a Bauphasen als Argument nennt, sinn d’Piraten der Meenung, datt ee grad elo domadder ufänke soll, éier een et an e puer Joer bereit, net éischter gehandelt ze hunn. Schlussendlech wieren och Kooperatioune mat eisen Nopeschlänner denkbar, ewéi z.b. en Uschloss un d’Autobunn bei St. Vith déi déi ganz Grenzregioun opwäerte géing.

Besseren Ëffentlechen Transport fir jiddereen!

Aktuell gëtt just e Brochdeel vu ca. 5% vun de Käschte vum Ëffentlechen Transport duerch de Verkaf vun Tickete finanzéiert, graff 95% komme also vum Staat oder aus anere Mëttelen. Mir schwätzen eis dofir zënter 2013 fir e gratis ëffentlechen Transport aus, deen doduerch fir d’Leit nach méi attraktiv gëtt. Géigefinanzéiere kéint een d’Ewechfale vum Ticketsverkaf beispillsweis duerch eng minimal „Bettesteier“ bei den Iwwernuechtungen an der Hotellerie souwéi duerch eng iwwerschafften Autossteier, déi de gefuerene Kilometer berücksichtegt an esou déi entlaascht, déi vun engem attraktiven ëffentlechen Transport Gebrauch maachen.

Mir begréissen dofir och ausdrécklech, datt de RGTR-Busreseau no Joerzéngten endlech op de Leescht geholl gëtt a fuerderen, datt de Resultater vun de Roadshows a Workshops vum Nohaltegkeetsministère an de jeeweilege Regioune vollste Rechnung gedroe gëtt. De Busreseau muss besser an der Regioun vernetzt sinn an op aner Transportmëttel ofgestëmmt ginn. Initiativen ewéi den Latenightbus oder d’Ruffbusser sollen fir déi néideg Flexibilitéit vum Reseau weider gefördert ginn.


An dësem Artikel erklärt den Andy Maar,  Kandidat vun der Piraten am Norden eng Iddi aus eisem Walprogramm. Dësen Artikel ass ausserdeem an eiser Informatiounszeitung publizéiert ginn, déi am Kader vun de Chamberwalen 2018 un alleguer d’Stéit am Norden verdeelt gouf. Hei fannt dir déi komplett Ausgab als PDF.