Et gëtt Zäit…

Et gëtt Zäit…

Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass. Ma vill ze dack verpasst een awer ebe genee deen Ament. No e puer schéinen, ustrengende an zulescht och manner flotte Joeren, an deem ee vill Begeeschterung, Häerzblutt an onzieleg Stonnen investéiert huet, ass et elo héich Zäit, fir e Stréch ënnert dëst Kapitel ze zéihen.

Ech sinn während dem Joer 2011, kuerz no de Gemengewalen, an d’Piratepartei agetrueden. Virun allem d’Transparenz an d’Versteesdemech vun enger méiglechst horizontaler Hierarchie, déi komplett op Basisdemokratie gesat huet, huet mech faszinéiert. D’Piratepartei huet deemols ganz heefeg de Begrëff vun der “Matmaachpartei” benotzt, déi se och bis virun ca. 2 Joer intensiv geliewt huet. Doriwwer eraus war déi nach jonk Piratepartei eng dynamesch, aktivistesch Partei, an däer ganz vill Potential gestach huet.

E weidert, zentralt Element, wat fir mech ausschlaggebend war, war d’Versteesdemech vun enger jonker europäescher, jo suguer globaler Generatioun, déi net méi esou vill an nationale Grenzen denkt, mee duerch den Internet vill méi e globalt Denken verënnerlecht huet. D’Piratepartei konnt dës Generatioun vu jonke Bierger vill besser verstoen a representéieren ewéi all aner Partei. D’Piraten hunn och vill éischter d’Opportunitéiten an awer och potenziell Risiken erkannt, déi an den neien Technologien gestach hunn, während aner Parteien dës entweder als Spillerei vernoléissegt oder se aus Angscht virun Iwwerfuerderung komplett vermidden hunn. D’Piraten hunn, éier se Stellung bezunn hunn, sech an Aarbechtsgruppen entweder offline zesumme gesat, oder, wat vill méi heefeg de Fall war, iwwert nei kollaborativ Tools u Positioune geschafft an déi réicht publizéiert, wann e Konsens do war, datt d’Thema bis an de leschten Detail beschwoart gouf. Dëst huet sech geännert.

An deene vergaangenen 9 Joer an deenen ech sechs Joer als Präsidiumsmember, an dovunner véier Joer als Generalsekretär, aktiv um Opbau vun der Partei matgeschafft hunn, ass et besonnesch an deene leschte Joeren zu dramateschen Événementer komm, déi mech zu mengem Entschloss gefouert hunn. Während ech ugangs nach geduecht hunn, datt dës Period vun de lëtzebuergesche Piraten “just eng Phase” wier, déi een mat e bëssen kloere Mënscheverstand an engagéierten Matstreider iwwerwanne kéint, ass dann awer zimlech séier d’Erkenntnis komm, datt kaum nach een do ass, deen dee “Reboot” matwoë kéint.
Dono hunn ech mer ageriet, datt eng Distanz zu de lëtzebuergesche Piraten duergoe géing, well schlussendlech wier d’Pirateniddi jo net esou falsch an déi europäesch Piraten, virun allem d’Julia Reda, jo eng wonnerbar Aarbecht geleescht hunn. Ma schlussendlech geet dat awer net alleng duer an dat, wat eis heemesch Piraten haut ausmécht, léisst mir keng aner Wiel ewéi meng Memberschaft net nëmmen rouenzeloossen, mee se offiziell a formell ze kënnegen. Ech kann net weider Member vun enger Organisatioun sinn, an deenen Leit mat récksiichtslose Verhalen net nëmme gewäerde gelooss, mee och nach ënnerstëtzt ginn.

Ech versichen am Folgenden ze analyséieren, wéi et dozou koum a firwat et e weidert Engagement fir mech an dësen Deeg keng Optioun méi ass.

1. Déi éischt Bewährungsproufen als Partei

Wéi schon ernimmt, huet de villverspriechende Begrëff vun der Matmaachpartei grouss Hoffnungen an Erwaardungen a mier geweckt. An do gouf ech ugangs och net enttäuscht. Direkt nom Bäitrëtt gouf een an d’kaalt Waasser geheit: et war ee fir de Landeskongress invitéiert, wou een och ermutegt gouf, fir de Präsidium ze kandidéieren. Well et basisdemokratesch zougeet an et keng Delegéierte gëtt, hat all Member do och dat selwescht Stëmm- a Riederecht. Ech hunn direkt fir de Präsidium kandidéiert a sinn, zu menger Iwwerraschung, och mat grousser Majoritéit gewielt ginn. D’Aarbecht an den Méint dono war quasi anarchesch. Jiddwereen konnt maache wat e wollt, soulaang et dem Präsidium bekannt war. Aarbechtsgruppen hu stattfonnt, Positiounspabeieren goufen zesummen ausgeschafft an Aktiounen geplangt. D’Präsidiumsversammlungen, d’Kongresser an och d’Stammdëscher ware gutt besicht, scho kuerz dono konnt mam Norden, als memberstäerkste Regioun, den éischte Bezierk gegrënnt ginn.

Eis éischt Bewährungsprouf koum dunn mat den Neiwalen 2013. D’Piratepartei hate sech, knapps 4 Joer no Grënnung a mat kaum bis guer kengem Budget souwäit et goung organiséiert. Et goufen mëttlerweil 4 Bezierker mat engagéierten an aktiven Bezierkspräsidien, de rudimentäre Fonktionnement vun enger Partei gouf vun nëmme wéinegen, engagéierte Memberen gewährleescht. Vill Häerzblutt a Iwwerzeegung waren néideg, fir seng ganz Fräizäit an d’Partei ze investéieren a sinn och ganz gär opbruecht ginn. Déi virgezunnen Chamberwalen hunn eis allerdéngs och kal erwécht: bei net grad 300 Memberen hu misse 60 Kandidaten a kierzester Zäit fonnt ginn, déi net nëmme motivéiert ware fir sech riichtduerch aktiv am Walkampf ze engagéieren, mee och fir an der Ëffentlechkeet als Pirate-Kandidat opzetrieden. Fir d’Ëffentlechkeet war nach laang net kloer, op d’Piratepartei just eng reng Spaßpartei ass oder op se et eescht mengen. Eng ganz Reih Memberen waren net sécher, op sech eng Kandidatur mat hirer Aarbechtplaz verdréit. Ma schlussendlech haten eis Bezierker awer komplett Lëschten,mat leider zwee “Upsien”, wou eis jonk a kleng Partei deemols net d’Erfahrung hat, fir absolut inkompatibel Kandidaten duerch intern “Checks and balances” auszesifften. Mir hu gehandelt a wollten dorausser léieren.

Mat 2,94% vun de landeswäite Stëmmen goufen eis Erwaardungen um 20. Oktober 2013 méi wéi iwwertraff. Mir konnten vill Wieler mat enger breeder Kandidatenpräsenz an engem Walprogramm iwwerzeegen, deen vun all eise Memberen an diverse Workshops kollaborativ ausgeschafft gouf. Natierlech dierf een net esou naiv sinn an d’Zuel vun de Protestwieler ausser Uecht loossen. An awer!

Et huet eis Opdriff ginn. Et sinn eng ganz Rëtsch nei Membere komm a schlussendlech war och déi éischt Etapp fir d’Parteiefinanzéierung gepackt. De Walkampf war net bëlleg an et dierf een net vergiessen, datt alles just aus private Spenden vu Memberen opbruecht gouf, während aner Parteien d’Kampagn aus hire Récklagen duerch eng schon existéiernd Parteiefinanzéierung an zum Deel och Prêten finanzéiert hunn. Ma wann ee laangfristeg de Fonktionnement vun enger Partei gewährleeschte wëll, da geet dat natierlech net exklusiv duerch d’Spenden a Cotisatioune vu Memberen. Ech bewonneren an där Zäit och dem Sven Clement säin Éiergäiz: et zum gréissten Deel him a senger Haartnäckegkeet ze verdanken, datt d’Piraten esou vill finanziell Mëttelen zesummesammele konnt, fir eng vernënfteg Kampagn starten ze kënnen.

Direkt am Uschloss ass et dunn virugaangen mat den Europawalen. Nach geschlaucht vum Chamberwalkampf 2013 huet een nees a kierzester Zäit missen e Maximum u Memberen aktivéieren, fir eng weider Walkampagn ze stämmen. Och en neie Budget huet missen hir. Wat eis besonnesch haart erwécht huet, war dat plötzlecht Verbued vum Nohaltegkeetsminister fir d’Hohlkammerplakater ansetzen ze dierfen. Besonnesch dëst Mëttel hat de Pirate gehollef, op méiglechst ville Plazen am Land präsent ze sinn. Aneschters ewéi déi etabléiert Parteien hunn d’Pirate weder de Budget gehat fir all d’Daachstänner a Groussflächen ze lounen oder ze kafen, nach d’Kapazitéiten, déi och nëmmen an enger unnähernd ähnlecher Verdeelung ewéi deenen aner hir duerch d’Land an Eegeregie opzestellen. Déi meescht aner Parteien gräifen hei op Firmen zeréck, déi dat fir si maachen.
D’Verbued huet et also noutwenneg gemaach, däer Daachstänner op méiglechst gënschteg an einfach Art a Weis selwer hirzestellen. Dëst huet déi gesamt Partei net nëmme während Wochen gelähmt, während aner Parteien schon am aktive Walkampf waren, et huet och fir éischt bezierksiwwergräifend Spannunge gesuergt.

Während Memberen aus dem Norden an Zentrum an och vereenzelt aus dem Osten a Süden un deenen Daachstänneren geschafft hunn, ass vum deemolegen Vizepräsident a gläichzäitegen Europakandidat, op Nofro zu senger Mathëllef beim Bau, de Kommentar komm “Déi am Norden kënnen dat jo maachen!”. Lo kann een natierlech doriwwer diskutéieren, op een net doriwwer ewechkucke soll, ma et ass awer ze verstoen, datt engagéiert Memberen sech do villäicht e bëssen op d’Féiss getrëppelt spiren. Ëmmerhin waren et Memberen, déi als Net-Kandidaten u sech keen perséinlechen Interessi um Walkampf haten an d’Partei als ganzes virubrénge wollten. Enttäuscht huet et awer och, wann e Vizepräsident dem Bezierkerdenke verfällt amplaz déi Gesamtmemberschaft ze vertrieden an d’Bénévoler ze encouragéieren. Datt d’Pirate sech als basisdemokratesch Organisatioun mat maximal flaacher Hierarchie verstanen hunn, mécht d’Saach net besser.

Ma d’Europawalen waren och e Succès fir eis. De 25. Mee 2014 kruten d’Piraten landeswäit 4,23%. D’Partei koum, nodeems se elo bei den Europa- a Chamberwalen iwwer 2% loung, an de Genoss vun der Parteiefinanzéierung. Dëst bedeit: all Mount e Budget vun ëm déi 11.000€. Mat dësem Budget war et endlech méiglech, eege Lokalitéiten unzelounen, wou een elo och all dat Material stockéiere konnt, dat an deene leschten zwee Walkämpf ugeschaf gouf an wat soss bei enger halwer dosse Memberen duerch d’ganzt Land verstreet loung. Méi wichteg war awer, datt d’Piraten endlech Büroen haten, wou mer reegelméisseg eis Versammlungen konnten ofhalen a wou mer eis och zentral treffe konnten fir u Projeten ze schaffen. Bis dohinner hunn eis Versammlungen just a Caféen stattfonnt. Et war kuerzzäiteg eng nei Opbrochstëmmung do. Elo giff alles besser goen! D’Parteiräimlechkeeten stounge jiddwerengem zu jiddwer Moment oppen, ganz am Sënn vun engem basisdemokratesche Movement.

2. Eenzelner géint de Rescht

Ma no zwee wierklech intensive Walkämpf loung de Rimm bei ville vun de Memberen dann awer erof. Ewéi dat bei esou zimlech alle Parteien de Fall no enger intensiver Walperiod ass, ass d’Participatioun och bei ons lues a lues zeréckgaangen. Munch Leit wollten elo, verständlecherweis, och nees hirem Privatliewen erëm méi Raum ginn: Familje(planung) bei deenen Engen, sträflech vernoléissegt Memberschaften an anere Veräiner bei deenen Aneren. Elo war den Zäitpunkt, fir de Fonktionement ze professionaliséieren, sech an déi administrativ Prozeduren eraschaffen an sech nees op d’politesch Sujeten ze konzentréieren.
Ma och déi eng oder aner Reiwerei huet munche Leit sauer opgestouss.

Den 10. Oktober 2015 koum et dann zu enger Zäsur. Um statutaresche Landeskongress zu Péiteng sollt en neit Präsidium gewielt ginn. Fir de Poste vum Vizepräsident stoungen dës Kéier zwou Kandidaturen zur Auswiel, eppes wat net besonnesch aussergewéilech dierft sinn, vu datt d’Pirate sech als Basisdemokratesch verstanen hunn, wou jiddwereen fir all Posten kandidéiere kann a wou de Präsidium och ni mitt ginn ass fir ëmmer ze betounen, datt mir net ëmmer just eng Kandidatur wéilten hunn. Jiddweree sollt sech trauen!

De Claude Feltgen huet dës Episod a sengem Blogbäitrag gudd beschriwwen. Ech ginn dofir net méi am Detail doranner an a resuméieren d’Evenementer kuerz: opgrond vun dem Ustiig u Reiwereien, der Attitüt an de Bemierkungen vum deemolege Vizepräsident géint eenzel Memberen hu sech Memberen, dorënner eben och Memberen aus deem Nordbezierk, majoritär fir en anere Kandidat entscheet. Dëst sollt och elo keng weider Iwwerraschung sinn: wa Leit, déi iwwert e Joer a grad während enger ustrengender Walkampfphas besonnesch intensiv zesummegeschafft hunn a sech dann och frëndschaftlech gutt verstinn, der Iwwerzeegung sinn, datt e Kandidat aus hirer Mëtt déi besser Optioun ass, dann ass dat a mengen Aae nach laang kee Putsch. Wann de Sven Wohl dann d’Wal zum Vizepräsident mat genuch Stëmmen eng Majoritéit kritt huet, dann ass dat Basisdemokratie.

An der Folleg koum et zu enger ganzer Reih Evenementer, déi d’Piratepartei fir eng länger Zäit gelähmt huet. De Marc Goergen, dee seng Widderwal als Vizepräsident zimlech däitlech verluer hat, ass dorobshin mat vill Tamtam a ville rosenen Tweets aus der Partei ausgetrueden. D’Parteipräsidium huet deemols vill Ustrengungen ënnerholl, fir d’Gemidder ze berouegen.

Ech hu Versteesdemech, wann een perséinlech enttäuscht ass, wann een eng Wal verléiert. Ech verstinn och, datt een net ëmmer direkt empfänglech fir all Kritik ass. Dat wat déi Wochen a Méint dono awer geschitt ass, dat huet awer all Kader gesprengt.

An enger ausseruerdentleche Parteileedung um Méindeg nom Kongress sollt da gekuckt ginn, wéi een d’Situatioun berouegt kritt. De Marc Goergen hat mëttlerweil aus senger Néierlag nees eng Diskussioun iwwert d’Bezierker gemaach. Och wa fréier d’Bezierker just reng als logistesch Unitéit virgesi waren an an der Besetzung vum Präsidium absolut keng Relevanz haten, huet den deemolegen Südpräsident als Vertrieder vum Marc Goergen (deen selwer net un där Versammlung deelgeholl hat), en Fuerderungskatalog op den Dësch geluecht, deen ë.a. d’Fuerderung no engem Vizepräsident, deen aus dem Süde komme muss, souwéi en zweeten obligatoresche Südbezierksmember am Präsidium als Garantie virgesinn huet. Doriwwer eraus sollt de Süden d’Halschent vum monatleche Budget fir d’Gesamtpartei zougesprach kréien. Desweideren war eng total Autonomie ouni Kontroll duerch de Präsidium verlaangt. Wéi de Claude Feltgen a sengem Blogpost erklärt hat, war d’Resultat e wackelege Kompromëss, deen zur Folleg hat, datt eng Reegelung iwwert d’banneparteilesch Verdeelung vun de Suen an enger Aarbechtsgrupp ausgeschafft sollt ginn, déi dann op engem Landeskongress ofgestëmmt sollt ginn (un där da schlussendlech keen Südbezierksmember deelgeholl huet).

E ganze Koup vun de Fuerderungen war schlicht net ëmsetzbar, well se d’Ofschaafung vun der Demokratie an der Partei bedeit hätten a souwisou enger Satzungsännerung op engem Landeskongress beduerft hätten. No der Confirmatioun datt all Bezierk eng gewëssen Autonomie huet, sech dobäi awer un d’Erscheinungsbild a d’Positiounen vun der Gesamtpartei souwéi d’Prozeduren wéi se an der Satzung stinn, ze halen huet (eng Praxis déi iwwregens och virdrunner scho bestanen huet an am Joer 2017 nach en ganz aneren Twist kréie sollt), sinn de Marc Goergen an vereenzelt aner Memberen aus der Gemeng Péiteng do nees an d’Partei zeréckkomm, hunn vun deem Ament un awer bal all Parteipräsidiums- a Parteileedungsversammlung boykottéiert. Och Präsidiums- a Parteileedungsbeschlëss hu si konsequent ignoréiert. An der Folleg huet de Marc Goergen och keng Geleeënheet ongenotzt gelooss, fir de Sven Wohl ëmmer erëm op zum Deel besonnesch uerg a vulgär Art a Weis ze beleidegen. Do sinn e ganzen koup Emailen iwwert d’Parteileedungs- an och déi ëffentlech Mailinglëscht gelaf. Och huet de Marc Goergen ëmmer erëm d’Legitimitéit vum Präsidium a Fro gestallt (“De Süden brauch sech net dorunner ze halen, well dat wat vum Präsidium kënnt ass souwisou Blödsinn.”).

Ech muss gestoen, datt ech an där Zäit als Generalsekretär ze dack versicht hunn, fir op diplomateschem Wee d’Gemidder ze berouegen an op eis kloer Riichtlinnen ze verweisen. Ab engem gewësse Punkt, wou et mir dunn och zevill ginn ass an ech an enger Präsidiumsversammlung ugedrot hat, fir d’Schiidsgeriicht anzeschalten, ass de Sven Clement aus der Këscht gesprongen an huet gedrot, direkt zeréckzetrieden, wann een op d’Iddi kéim, fir d’Schiidsgeriicht ze aktivéieren. Am Besonneschen fällt him an där Zäit keng ruhmräich Roll zou: hien huet sech während all deenen perséinlechen Ugrëff op d’Persoun vum neie Vizepräsident oder géint d’Legitimitéit vum Präsidium net wierklech hannert seng Leit gestallt. Just a wierklechen Ausnahmesituatiounen, wa seng eegen Positioun matviséiert war, gouf et en “Et geet elo duer!” un de Marc Goergen.

3. Den Ufank vum Ënnergang…

… vun deem, wat fir mech d’Piratepartei war, huet während dem Gemengewaljoer 2017 ugefaang. Wann et och déi zwee Joer virdrunner wierklech dack ganz no oder deelweis jenseits vum Zoumuttbarem war, dann hunn d’Gemengewalen deem Ganzen eng nei Dimensioun ginn.

An deem Joer bis datt d’Präparatiounen fir de Gemengewalkampf ugaangen sinn, war et relativ roueg, mat geleeëntlechen Spëtze géint verschidde Piraten oder d’Aarbecht vun der Partei als Ganzes. Ma um Ufank vum Gemengewalkampf huet et ausgesinn, als géing een nees professionell zesummeschaffe kënnen.

Als Generalsekretär ass mir deemols d’Roll vum Walkampfkoordinator zougefall. Och wann et eng piratesch Praxis ass, datt Bezierker a Lokalsektioun eng relativ grouss Autonomie hunn, sou war et awer de Beschloss vun der Parteileedung, fir d’Lokalsektiounen an hirem Walkampf duerch d’Zurverfügungstelle vun de Ressourcen vun der Gesamtpartei ze ënnerstëtzen. Wëll heeschen: den Nationale (also d’Koordinatioun) erstellt een eenheetleche Modell fir d’Plakater, een eenheetleche Modell fir Flyeren, fir d’Walprogrammzeitungen, fir d’Sharepics op de soziale Medien etc. Domadder sollt de Lokalsektiounen vill Aarbechten ofgeholl ginn, sou datt net jiddereen d’Rad nei erfanne muss. Als Grafiker hunn ech dës Templaten och fir d’Lokalsektiounen baséiernd op der Charte graphique, wéi se um Landeskongress #152 eestëmmeg ugeholl gouf, erstallt an je no Besoin adaptéiert. Ech hunn Koordinatiounsplattformen organiséiert, wou d’Responsabel vun de Lokalsektiounen sech austauschen an de Präsidium um Laafenden hale konnten resp. hir Bedierfnësser matgedeelt hunn.

D’Sektioun Péiteng huet sech hei ufänglech och bedeelegt an et gouf nees méi e sachlechen Ëmgang ënnerteneen. Ab engem bestëmmten Punkt awer huet d’Sektioun Péiteng net méi op Nofroen reagéiert. Op der Präsentatioun vum Walkampf (inklusiv dem Deel vum Gemengewalprogramm, dee fir all d’Sektioune gëllt), deen am Abrëll 2017 zu Klierf stattfonnt hat, si si bewosst net opgetaucht. Op eng Kéier sinn eegen Plakater a Flyer gedréckt ginn, déi net méi dem offizielle Bild vun der Piratepartei entsprach hat. D’Sektioun Péiteng huet sech net un de Fotosessions fir d’Kandidate bedeelegt an och net un der Planung vum Walwerbespot deelgeholl. Dëst alles war bedauerlech an huet deelweis fir grouss Verspéidungen an eisem Timing gesuergt, well Ufroen onbeäntwert blouwen resp. ee versicht huet, fir weider Ersatzterminer an Datumen fir d’Kandidatefotoshootings ze proposéieren, mee et huet een et schlussendlech dem neie Fridde wëllen ënner “Lokalsektiounsautonomie” verbucht, och wann d’Partei schlussendlech e Photoshooting fir all d’Kandidaten an e weidere Photoshooting vun engem anere Fotograf huet misse bezuelen.

D’Lokalsektiounen Esch a Kielen, déi vum Südbezierkspräsidium Ënnerstëtzung kréie sollten, hu sech am Stach gelooss gefillt. De Südbezierkspräsidium, dee majoritär aus Memberen aus der Sektioun Péiteng bestanen huet, huet munch Saache (Beschlëss, Organisatiounshëllefen etc.), déi fir all d’Sektiounen geduecht waren, blockéiert oder als net wichteg genuch empfond, vu datt si als Sektioun Péiteng beschloss haten, eng komplett eegestänneg Kampagn ze féieren. Dëst zu Laaschten vun den anere Sektiounen am Bezierk. An esou sinn nees nei an al Konflikter opkomm, an dës Kéier huet sech de Marc Goergen u mir als deejéinegen, deen d’Mëttelen zur Verfügung stelle sollt, ofgeschafft.

Parallel huet sech awer e weidere Problem opgedoen: op eng Kéier war eng Sektioun Réimech do, mat engem Spëtzekandidat Daniel Freres. Kee vun de Memberen hätt jemols domadder gerechent, datt dës net onëmstridde Persoun, opeemol optaucht. Wéi de Sven Clement am klenge Krees vun enger Präsidiumsversammlung annoncéiert hat, datt hien Gespréicher mam Daniel Fréres iwwert eng méiglech Lëscht hat, ware vill Leit skeptesch a mir hunn och eis Bedenken haart geäussert. Mir haten all nach déi zwee “Upsien” aus dem Chamberwalkampf vun 2013 virun Aaen. Allerdéngs konnt een an dësem Fall näischt maachen, net emol e sougenannt “Kandidategrillen”, woumadder d’Piraten bei Chamber- an Europawalen souwéi bei Walen op eise Kongresser e Kandidat op Häerz an Nieren teste konnten. Laut der aktueller Satzung kann jidderee Member ginn, dee sech umellt. Als aktive Member gëllt een, wann ee seng Cotisatioun bezillt, ganz egal op een en Populist, e Verschwörungstheoretiker oder suguer en Holocaustleugner ass. Et kann ee réicht séng Memberschaft verléieren, wann en anere Member d’Schiidsgeriicht urifft an z.b. e Parteiausschlossverfahren ufreet. Am Fall Fréres gouf et keng Uruffung vum Schiidsgeriicht an och wann, wier säi Ruff mat grousser Wahrscheinlechkeet keen waasserfeste Grond fir en Ausschloss gewierscht, esoulaang e sech roueg verhällt. Vun deem Standpunkt hir war hien also e Pirat wéi all aneren och. Da gëtt d’Satzung engem och d’Méiglechkeet, fir eng Sektioun an enger Gemeng ze grënnen, wann do méi ewéi zwee Pirate sinn, wat a sengem Fall och esou war. D’Akzeptéiere vun enger Lëscht fir d’Gemengewalen fällt dann an den Zoustännegkeetsberäich vum jeweilege Bezierk, hei den Ostbezierk. Ma opgrond vun der Inaktivitéit vum deemolege Präsidium an dem Timing, datt en neie Bezierkspräsidium hätt sollte gewielt ginn, huet et op eng Kéier geheescht, datt den Daniel Fréres op engem Bezierkskongress zum neie Präsident gewielt gouf. Am Nachhinein sinn ech allerdéngs gewuer ginn, datt eng ganz Rëtsch Memberen am Bezierk Osten keng Invitatioun fir e Bezierkskongress kruten. Ech als Generalsekretär hat och keng Kenntnis vun engem Datum oder enger Ufro, datt d’Generalsekretariat d’Invitatiounen un d’Memberen schécke sollt resp. fir d’Adressen ze kréien fir datt de Bezierk et selwer maache kéint. Dorops ugeschwoart huet et geheescht, datt de Bezierkskongress satzungskonform gewierscht wier an d’Paperassen nom Gemengewalstress géifen erakommen. Fir awer zeréck bei den eigentleche Punkt ze kommen: de neie Bezierkspräsidium Osten huet d’Lëscht vun der Sektioun Réimech scheinbar akzeptéiert. E Bezierkskongress huet mengen Informatiounen awer net ënnert deenen Bedéngunge stattfonnt, déi d’Satzung virgesinn huet.

Elo wou ech dat Ganzt Revue passéiere loossen, faalen engem selwer ëmmer erëm Saachen op, wou een eigentlech hätt missen intervenéieren. Allerdéngs, an domadder versicht ee sech selwer ze berouegen, ass dat deen Ament, wou een am Walkampf ass, net esou einfach: op der enger Säit hëlleft een Lokalsektiounen, déi vun hirem Bezierk am Stach gelooss goufen, op der anerer Säit versicht een selwer säi Walkampf a senger eegener Sektioun ze maachen, doriwwer eraus d’national Gemengewalkampagn ze koordinéieren an de reguläre Betriib vun der Gesamtpartei ze gewährleeschten an dann tauchen nach Uschëllegungen an der Ëffentlechkeet géint eenzel Kandidaten (Goergen a Freres) op (“Krätz-Affär”, LuxPrivat-Kollaboratioun), wou een dann emol intern versicht fir mat de Leit ze schwätzen an Informatiounen ze kréien, fir datt een als Präsidiumsmember dat iwwerhapt emol faktebaséiert kommentéiere kann. An dëst alles wuelverstanen niewt sengem Haaptberuff. Ech muss hei agestoen, datt d’Piratepartei dat deemols net wierklech souverän gemeeschtert huet an datt d’Stellungnahmen zu den Reprochen och parteiintern vun de betraffene Persounen net zefriddestellend waren, mee um Enn war et bal ëmmer et Ausso géint Ausso.

Um Owend vun de Gemengewalen hate mir och do eigentlech e ganz gudde Score. Mir hunn a Gemengen, wou mer keng komplett Lëschten haten, deels suguer vill besser ofgeschnidden, wéi erwaart. Datt d’Rechnungen vum Marc Goergen an Daniel Freres, mat zum Deel ganz ondelikaten a récksiichtslosen Kampagnen gewielt ze ginn, opgaange sinn, kann een als Member vun enger Partei, déi sech Integritéit op de Fändel geschriwwen huet, net wierklech freeen, och wann ech den Asaz vun den Equipen dohannert appreciéieren.

4. D’Pirate loosse sech kaperen.

Mat politeschen Mandater am Réck gewënnt een, virun allem ee Joer virun den nächste Chamberwalen, u Bedeitung. Dëst hu mer quasi nach déi éischt 24 Stonnen no de Gemengewalen gespuert. Nach während dem Asammele vun de Bauzonken an Daachstänner fir d’Gemengewalen hunn eenzelner schon un enger Strategie fir dat nächst Joer geschafft.

De Sven Clement huet esou zum Beispill an enger zouener Messenger-Grupp proposéiert, fir d’Präsidiumsstruktur esou ëmzebauen, datt ee vum Marc Goergen sengem Erfolleg an der Gemeng Péiteng profitéiere kéint. D’Propose loung um Dësch, fir zwee Vizepräsidenteposten anzeféieren: de Marc Goergen sollt “politesche” Vizepräsident ginn an mäin Posten als Generalsekretär sollt als “administrativen” Vizepräsident opgewäert ginn. U sech näischt aneres, ewéi eng Ausbalancéierung vun de Fliggelen bannend der Partei, just mat deem Schéinheetsfehler, datt een no 2 Joer Erpressung, Boykottéiere vu Präsidiums-, Parteileedung- a Kongressbeschlëss, dem Ausbremse vun enger ganzer Partei a Mobbing eng Generalamnestie kritt, wann ee just gutt Resultater bréngt. An do schwätze mer mol guer net doriwwer, datt eng Postebesetzung schon decidéiert sollt sinn, nach éier e Landeskongress invitéiert gouf a Kandidate sech melle konnten. Et gouf besonnesch vum Sven forcéiert, fir dëst duerchzedrécken an am Fall datt de Marc Goergen an ech keen Arrangement fannen, gouf huet hien mat sengem Récktrëtt als Präsident bannend den nächste 24h gedroht.

Dëst war fir mech eng essentiell Grenz. Ech hunn op mengem Standpunkt bestanen, datt fir mech e Landeskongress iwwert eng Präsidiumsëmbildung (wat eng Statutenännerung bedeit huet) souwéi d’Kandidaten ze entscheeden huet an datt ech mech net un Diskussiounen bedeelege wëll, déi dono just nach pro forma vun engem Kongress bestätegt ginn an déi e Signal un d’Membere ginn, datt ee sech bei de Piraten behuele kann wéi ee wëll, ouni datt et Konsequenzen ginn.

De Landeskongress #LK173 zu Bieles huet dann e weidert Kapitel an der Geschicht vun de Piraten agelaut. De Sven Clement hat gesinn, datt eng einfach Ëmstrukturéierung net ouni weideres vun jiddwerengem matgedroë gouf, also ass een ouni Statutenännerungsuntrag op de Landeskongress gaangen an et huet ee just de Präsidium nei wiele gelooss. De Marc Goergen ass do géint mech als Generalsekretär ugetrueden a wéi et ze erwaarde war, hat hien och – fir net méi dee selweschte Fehler ewéi 2015 ze maachen – genuch Stëmmen mobiliséiert fir dës Wal fir sech ze entscheeden. Fräilech ass déi Situatioun e bëssen aneschters ewéi déi vun 2015, well hei däitlech méi Prokuratiounen ewéi Leit am Sall waren, mee schlussendlech ass et en demokratesche Vote, deen een dann och esou unhëllt.

D’Joer 2018 stoung dunn ganz am Zeechen vun de Chamberwalen. Den neie Präsidium huet seng Aarbecht opgeholl an zimlech direkt war och kloer, datt den neie Generalsekretär an eng aner Richtung geet. Als Member gouf een zimlech abrupt baussevir gelooss: et goufe keng reegelméisseg Newslettere méi, vun de Partei- a Präsidiumsversammlungen gouf et just déi éischt puer Méint Rapporten, déi gréisstendeels eréicht en bloc am Summer am Piratewiki verëffentlech goufen. D’Koordinatioun vun der Chamberwalkampagn huet och méi oder manner an engem klengen, zouene Krees stattfonnt.

Den 23. Mäerz 2018 gouf een da plötzlech per Push-Notification vun RTL gewuer, datt déi eege Partei eng Kooperatioun mat der PID agoe giff. D’Memberreaktiounen waren deementspriechend: op der ëffentlecher Mailinglëscht an Twitter ass et zu engem Shitstorm komm, wou och ech meng Meenung net fir mech behale konnt. Ëmmerhinn erwaart een vun enger Partei, déi wéi keng aner no Transparenz a Matbestëmmung antrëtt, datt een iwwert esou eppes Essentielles am viraus befrot oder opmannst informéiert gëtt.

Wat d’Lëschten ugaangen ass, krute mer och gesot, datt do mat der PID schon ausgemaach gouf, datt eng gewëssen Unzuel un PID-Member op eise Lëschte misste sinn. Allevirun de Parteigrënner Jean Colombera wollt eng éischt oder zweet Plaz op der Nordlëscht fir sech beusprochen, wat aus senger Siicht sécherlech legitim ass, wat awer aus der Siicht vun deene Piraten, déi an de leschten 9 Joer am Nordbezierk engagéiert waren, virun de Kapp gestouss ass. Meng eegen Ambitioun hin oder hir, ech hu mech awer weiderhi staark gemaach fir datt opmannst de Ben Allard als Lëschtenéischte konnt untrieden. Meng Ambitioun war et, fir mäi Fokus op d’Europawalen ze leeen.

Well d’PID och de Ruff hat Memberen ze hunn, déi gewësse Sympathien fir Verschwörungstheorien hunn, krute mir vum Sven Clement och zougeséchert, datt d’Reegel an der Satzung géif respektéiert ginn, wouno all Bezierk seng eege Lëscht op engem Bezierkskongress unhëllt an datt do och dat sougenannt “Kandidategrillen” dozou gehéiert.
Datt deem awer net esou war, war um Konvent den 7. Mee 2018 an de Rotonden ze gesinn. Do goufen d’Bezierkskongresser all noeneen ofgehalen. Beim Versuch, e Kandidategrillen ofzehalen, gouf dat direkt vum Generalsekretär Marc Goergen ënnerbonn (dee satzungsméisseg zum Ablack vum Nord-Bezierkskongress kee Stëmmrecht hat). Den oppene Sträit, datt e Kandidategrillen net nëmmen an der Satzung steet, mee och versprach gouf, hat an der Folleg och e Nidderschlag an der Press.

An der Folleg huet een als Basismember dann heiansdo héieren, datt et e Kooperatiounsvertrag tëscht de Piraten an der PiD giff ginn. Op Nofro bei Präsidiumsmemberen krut een entweder keng Äntwert oder eng Äntwert, mat däer een näischt ufänke konnt: 2 vun de Präsidiumsmemberen wossten et selwer net.

Während dem Chamberwalkampf 2018 hunn ech mech dunn op d’Walkampagn am Norden gekëmmert. Et war ab engem gewëssen Zäitpunkt offensichtlech, datt vun der Walkampfkoordinatioun d’Prioritiséierung vun de Bezierker virgeholl goufen. Net all Bezierk hat dee selweschten hürdelosen Zougang zu der Ënnerstëtzung, sou datt ech mech ëm d’Kampagnematerial ewéi den Entworf vu Plakater, Flyer etc. selwer gekëmmert hat. Am Wëssen, datt d’Charte Graphique, déi op engem Landeskongress am Oktober 2015 ugeholl gouf, nach ëmmer valabel war (vu datt et keen neien Kongressbeschloss oder opmannst Präsidiums- resp. Parteileedungsbeschloss gouf), hunn ech déi Plakater virbereet, bis datt de Walkampagnenkoordinator mech PiD-Leit vun eiser Lëscht wëssegelooss hat, datt dës net gedréckt giffe ginn, well se net am Stil vum Kampagnendesign vun der Sektioun Péiteng aus dem Gemengewalkampf 2017 wieren. Deen do benotzten Design huet entretemps den offizielle Stil defakto ersat, allerdéngs ouni e formelle Beschloss. Wann den alen Corporate Design och drop gesat huet, datt jiddwereen domadder schaffe konnt (hei hunn ech zum Beispill vill Wert op en Handbuch souwéi fräi zougänglech Template geluecht), sou war den improviséierten péitenger Design just fir ganz wéineg Leit verfügbar. Duerch den Hin an Hir koum et zu Délaisen, déi herno en onnéideg spéide Start vun der Nordkampagn matsechbruecht huet. Generell war ze bemierken, datt bei de Bezierker mat zweeerlee Mooss gemooss gouf: während den Zentrum-, Süd- an Ostbezierk scheinbar vill Fräiheeten haten, huet am Norden esou gutt wéi alles missen gerechtfäerdegt ginn.

Ech verknäife mer op dëser Plaz d’Bemierkung, datt fir muncher Autonomie nëmmen da gëllt, soulaang se engem selwer déngt (siehe Episod “Erpressungsversich” um Enn vu Kapitel 2).

5. Wann engem alles egal ass: d’Piraten & d’ADR!

De Verlaf vum Chamberwalkampf huet gewisen, op welchem Niveau d’Piratepartei mëttlerweil ukomm ass. E ganz groussen Deel vun Ressourcen sinn an d’Pushen vun Eenzele gaangen. Wann d’Piraten fréier eng Partei waren, déi sech fir éierlech an transparent Politik an eng Kommunikatioun agesat huet, déi Problemer erkläert an Léisungen virschléit, dann war dat, wat elo neierdéngs just nach “PIRATEN” heescht, just nach e Walclub, deen mat plakativen bisweilen populisteschen Slogans hantéiert. Munch Slogans si glécklecherweis nach a leschter Minutt duerch d’Dropopmierksammaachen geännert ginn (wéi zum Beispill d’Fuerderung no enger Vignette fir Frontalieren), bei munchen huet sech den Walkampfkoordinator dann scheinbar awer duerchgesat. Et war ee frou, wou een dës grässlech an dilletantesch Kampagn bis hannert sech hat.

De Marc Goergen gouf, wéi ze erwaarde war, gewielt. Ëmmerhin haten d’Piraten am Süden schon 2013, deemols nach ouni vill Mataarbecht vun him selwer, bal e Sëtz ergattert. Ma och de Sven Clement sollt u sengem laangerwaarten Zil ukommen an et wier bal nach e Sëtz am Norden dra gewierscht, wat och dem Numm vum Jean Colombera ze verdanke war. Ech giff ganz gäer esou eitel sinn ze behapten, datt den Nordbezierk vun de Piraten och an de Virjoeren eng zolitt Basis duerch eng gewësse Seriösitéit am Verglach zu aner bekannte Piraten an aneren Bezierker opgebaut huet an dat netzulescht och duerch d’Beléiftheet vum Ben Allard.

Nach um Walowend gouf unisono op der Walparty am Piraten-HQ zu Koplescht intern an och ëffentlech ausgeschloss och nëmme mat der ADR iwwert e Groupe Technique ze schwätzen. Ëmsou méi schockéiert ware mir Basismemberen, wéi alt nees eng Push-Notification vun enger News-App op de Smartphonedisplay geflattert koum. Den Shitstorm vu baussen an och iwwert déi intern Membersmailinglëscht (jojo, daat gouf et deemols nach) huet net laang op sech waarde gelooss. Ouni Grouss op d’Basis duerzegoen an d’Memberen an den Entscheedungsprozess matanzebannen, ass dëse Groupe Technique zustane komm.

D’Argumentatioun war natierlech, datt ee mat méi Mëttelen méi Leit kéint astellen an esou eng besser Aarbecht kéint maachen. Ma vun der Tatsaach, datt een doduerch deenen méi Riedezäit a méi Mëttele verschaaft, géint déi een eigentlech ugetrueden ass, war net diskutéierbar. Domadder hunn déi zwee Piraten-Deputéiert ee fir allemol gewisen, datt hinnen net primär ëm d’Wäerter, mee méi ëm d’Virdeeler geet. Ech hätt et onerdréiglech fonnt, mech vun enger ADR, besonnesch wéi se sech ab 2010/2011 onbestreitbar zu enger reng rietspopulistesch Partei entwéckelt huet, Vertrieden ze loossen. D’Piraten wieren no deem Kouhandel net nëmmen an deenen éischte 40 Méint duerch de Gast Gybérien (a spéider dem Fred Keup) an der Conférence des Présidents an der Chamber vertruede gewierscht, se hunn och der ADR an den éischte 40 Méint Zougang zur Geheimdéngschtkommissioun verschaaft, vun deem se guer näischt gehat hunn.

No engem Joer, no engem schlechte Start, wou een d’Membere net gefrot hat an dono och net op se gelauschter huet, hu si dann hir Schlëss gezunn an eréicht no enger Reform vum Finanzement vun de Parteien an Chamber gouf dës onsäglech Kollaboratioun dann opgeléist. Eng Opwäertung vun de finanzielle Mëttele géifen eng Zesummenaarbecht net méi noutwenneg maachen. Datt d’ADR an deem Joer duerch eng ganz Rei onappetitlech Saachen opgefall ass (z.b. dem Sylvie Mischel seng Posts), dat war allem Uschäin no kee Grond.

6. Mäi Fazit

Wéi ugangs beschriwwen, hunn ech zënter dem Landeskongress am Dezember 2017 mech wäitestgoend zeréck gezunn. An der Tëschenzäit si mat de Mailinglëschten déi eenzeg intern Kommunikatiounsweeer vun der Basis verschwonnen. D’Piratewiki, eng Zort Archiv fir all d’Rapporten an Tutorials, déi fir jiddwer interesséierten Member an Net-Member ëffentlech zougänglech war, gëtt et net méi. All d’Rapporten an Tutorials sinn, mat Ausnahm vum Webarchive.

D’Basismemberen ginn net méi op Präsidiums- a Parteileedungssëtzungen invitéiert a si bis viru kuerzem och näischt iwwert d’Beschlëss gewuer ginn. En Membersnewsletter ass, mat 2 oder 3 Ausnahmen, zënter Dezember 2017 net méi verschéckt ginn. Satzungsännerungen fannen op Kongresser statt, ouni datt d’Ännerungsuntreeg, esou wéi et d’Satzung verlaangt, de Memberen laang genuch am viraus zougestallt ginn. Meng Satzungsännerung, déi um Landeskongress #LK172 majoritär ugeholl gouf an d’Fonktionnement vun der Sensibilité politique souwéi hir Rechter an d’Pflichten vis-a-vis vun der Basis souwéi d’Finanzuerdnung beschriwwen huet, ass zënter deems och aus der Satzung sang- und klanglos nees verschwonnen.

Pressematdeelungen, Statements oder Fuerderungen ginn publizéiert, ouni datt d’Basis jemols eng Kéier d’Geleeenheet hat, fir sech anzebrengen. Onopgekläert bleiwen Geschichten ewéi d’Frittebud, déi duerch de Südbezierk ugeschaf a bedriwwe gouf oder d’Tatsaach, ween responsabel fir e Like vun enger Morddrohung géint eng Ministesch ass oder ween all déi Phantom-Sektiounspagen op Facebook grënnt.

Memberen ginn an Chatgruppen bloussgestallt, Verschwörungstheorien inszenéiert fir d’Récksiichtslosegkeet an d’Alleingäng vun engem Eeenzelen ze rechtfäerdegen an schlussendlech kucke vill Leit deem Allem no, ouni eppes ze soen.

D’Partei, déi aus engemMovement enstanen ass, deen op Integritéit, Basisdemokratie an Transparenz gesat huet, ass elo just nach eng Zweckorganisatioun, déi all dës Elementer vermësse léisst.
Ënnert dësen Bedéngungen kann ech et mat mengem Gewëssen net vereinbaren, d’Partei duerch meng Memberschaft ze ënnerstëtzen.

De Groussdeel vun dëser Zäit mat der Zesummenaarbecht mat villen interessanten an intelligente Mënsche wäert ech a gudder Erënnerung behalen an deenen, déi e Reboot mat eben deene Werter versiche wëllen, wënschen ech alles Guddes!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *