Iwwert mech

Iwwert mech

Mäin Numm ass Andy Maar, ech sinn 34 Joer al a wunnen zu Reiler bei Klierf am Norde vum Land. Ech hunn eng Ausbildung als Telekommunikatiounselektroniker hannert mir a verdénge mäi Brout als Informatiker beim Justizministère.

Mäi politescht Engagement huet am Joer 2007 mat der Grënnung vun der Initiativ „…och fir eis!“ugefaangen. Säit 2009 sinn ech am Verwaltungsrot vu Rosa Lëtzebuerg, wou ech zënter 2012 och Generalsekretär sinn. Zënter de Gemengewalen am Oktober 2011 sinn ech Member vun der Piratepartei, wou ech bis Dezember 2017 Generalsekretär am Präsidium war. Nieft der politescher Aarbecht interesséiere ech mech fir Urbex-Fotografie an Geocaching, ech besichen opgrond vun enger staarker Muséksofhängegkeet relativ vill Concerten a Festivals.

Um politesche Plang interesséieren ech mech staark fir d’Educatioun, Gesellschaftspolitesches a besonnesch LGBT-Rechter souwéi den ëffentlechen Transport a Kultur.

Gebuertsdatum 19. Dezember 1983
Beruff Informatiker (Employé de l’état)
Schoul Lycée technique d’Esch-sur-Alzette: Electronicien en communication
Professionell Geschicht zënter 2007 Informatiker um Ministère de la Justice
Interessen Privat Geocaching & Urbex-Fotografie
Zeechnen, Liesen & Musék (alles vu Rock bis Metal) souwéi Besiche vu Musékfestivals
Interessen Politik Educatioun, Changegläichheet, Ëffentlechen Transport a Kultur
Kontakt Email: andy@andymaar.eu
Twitter: @andymaar
Blog: www.andymaar.lu
Facebook: /andy.maar

War do net eppes mat der adr?

Richteg! Zu menger politescher Virgeschicht: Vun Ugangs 2009 bis Oktober 2011 war ech Member vun der adr. Am Februar 2010 gouf ech zum Präsident vun der Jugendorganisatioun „adrenalin, déi jonk adr“gewielt, am Mäerz 2011 gouf ech dunn erëmgewielt. Duerch mäin Mandat als Präsident vun der Jugendorganisatioun war ech och jeeweils Member vum Nationalcomité an am Exekutivcomité. Opgrond vun ëmmer stäerker inhaltlechen an doduerch dann spéider och perséinlechen Differenzen huet eng Majoritéit vum deemolegen Adrenalins-Comitee d’Decisioun gefaasst, fir mat effet immediat eist Amt néierzeleeen an eis Memberschaft an der adr opzekënnegen. Aus Transparenzgrënn hunn ech d’Evenementer vun deemols a Blogform festgehalen an et ass och der Transparenz wéinter, wou ech decidéiert hunn, dës Blogposten nach am Archiv vun dësem Blog ze beloossen.